Budgetsmarathon an der ChamberFinanzminister Gilles Roth informéiert iwwer d'Evolutioun vun de Staatsfinanzen

Jean-Marc Sturm
Roy Grotz
En Dënschdegmëtteg ass et dann un der CSV-Deputéierter Diane Adehm mam Budgetsrapport an der Chamber.
© Envato Symbolbild

Evolutioun vun de Staatsfinanzen / Reportage: Jean-Marc Sturm

E Mëttwoch sinn et detailléiert Explikatioune vum Finanzminister Gilles Roth an den Optakt vun den Debatten. Dës Debatte ginn en Donneschdeg weider mat engem Vott um Enn.

E Méindeg gouf et schonn e Virgeschmaach an zwar an der zoustänneger Chamberkommissioun, an där de Ressortminister Gilles Roth d’Deputéiert iwwert déi rezent Evolutioun vun de Staatsfinanzen informéiert huet. Gesaten Zil ass, dass d’Depensë manner séier wuessen an dass d’Recettë klammen.

Bei de Recettë war et am éischten Trimester beim Zentralstaat am Joresverglach ee Plus vu ronn 525 Milliounen oder iwwer 9%. Bei den Depensen e Plus vun eppes iwwer 200 Milliounen oder décken 3%.

Et wëll een um Qui-vive bleiwen an déi ëffentlech Finanze mat Responsabilitéit, Virsiicht mä awer och enger Grëtz Optimismus ugoen, esou de Finanzminister Gilles Roth.

“Mir soen och ganz kloer: mir stinn zur Kompetitivitéit vun de Betriber, mir stinn zu enger attraktiver Finanzplaz a mir stinn zu deem, wat mir gesot hunn an zwar, dass mir d’Leit steierlech entlaaschten. Dat hu mer dëst Joer mat 4 Indextranchen, déi mir un de Steierbarème ugepasst hunn, dat hu mer gemaach. Mir wäerte Wuert halen. Weideres kënnt no.”

Bei der Oppositioun ass een natierlech frou, wann d’Recettë vum Staat klammen, et géif awer eng ëmmer méi grouss Schéier bei der Steierlaascht tëscht de Leit an de Betriber ginn, seet zum Beispill de Sven Clement vun de Piraten.

“Mer hunn eng Progressioun vun 18% vun de Steiere bei de Salairen, mä just vun ëm déi 12% bei de Betriber. Dat heescht, de Betriber geet et u sech net schlecht, mä d’Leit bezuele prozentual ëmmer méi Steiere wéi d’Betriber an deen Trend schéngt sech net ëmzedréien.”

Änlech gesäit et den Yves Cruchten vun der LSAP:

“Am Endeffekt ass de Finanzminister frou, wann d’Rechnung opgeet an deem kann et villäicht egal sinn, vu wou d’Suen hir sinn, mä ech mengen, dass mir deen doten Desequiliber eng Kéier mussen ugoen.”

Den Transport ass e wichtege Posten am Staatsbudget

Ronn 1,6 Milliarden Euro aus dem Staatsbudget sollen an den Transport fléissen. An deem Kontext huet d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes den Deputéierten e Méindeg Prezisioune ginn.

Op 860 Milliounen Euro belafe sech eleng d’lafend Käschte vun der Eisebunn. Knapps 550 Milliounen Euro maachen d’lafend Käschte fir de Bus-Reseau. Eleng an d’Organisatioun vum Schoultransport fléisse 47 Milliounen, iwwerdeem spezifesch Zerwisser wéi Adapto an Mobibus mat 80 Millioune chiffréiert ginn.

An d’Extensioun vum Tram ginn dëst Joer 57 Milliounen Euro investéiert. Wéi d’Mobilitéitsministesch an deem Kontext preziséiert huet, bräicht d’Tram-Ligne duerch d’Porte-Neuve kee speziellt Finanzéierungsgesetz. Par contre ass dat de Fall fir en neien Tramsschapp an d’Linne vum séieren Tram op Esch, wou d’Gesetzestexter d’nächst Joer deposéiert ginn.

Et gëtt awer och an de Stroossebau an den Entretien dovunner investéiert. Dëst sinn dëst Joer Käschte vu 55 Milliounen Euro fir d’Stroossen u sech, 7 Millioune fir Vëlosweeër a 4 Millioune fir Busspueren.

En Dënschdegmëtteg geet et am Chamberplenum weider beim Budgetsmarathon. Optakt mécht d’Rapportrice Diane Adehm vun der CSV.

Tableau mat der Situation budgétaire bis 31. Mäerz 2024

Back to Top
CIM LOGO