
De Finanzminister Gilles Roth huet sech engagéiert, fir zesumme mat der Steierverwaltung konkret Léisungen auszeschaffen, fir däitsch Frontalieren, déi hei am Land Iwwerstonne schaffen. Dat schreiwen d‘Gewerkschaften OGBL an LCGB e Freideg no enger Reunioun mam Finanzminister.
Zanter dësem Joer sollen däitsch Frontalieren jo an Däitschland op hiren Iwwerstonne besteiert ginn. Dat gesäit en Ofkommes tëscht Lëtzebuerg an Däitschland esou vir. D‘Gewerkschafte wiere sech awer dogéint a fuerderen dann och elo esou séier wéi méiglech eng weider Reunioun mam Minister, fir d’Situatioun fir d’Frontalieren aus Däitschland ze klären.
Op Nofro beim Finanzministère heescht et, datt d’Steierverwaltung an engem Informatiounsaustausch mat den däitsche Kolleege stinn. Dobäi gëtt de Gesamtmontant vum Bruttoloun un déi däitsch Autoritéite weiderginn, Detailer zu Iwwerstonne ginn awer net iwwermëttelt.
De Ministère confirméiert dann och, datt vun der sougenannter “Rückfallklausel” just Iwwerstonne betraff sinn. Zouschléi fir Sonndes-, Feierdags- oder Nuetsstonne ginn net besteiert. Och ziele just déi Iwwerstonnen, déi een effektiv ausbezuelt kritt an déi als “steierfräie Loun” am Lounbuch gelëscht ginn. All déi Stonnen, déi op en Zäitspuer- oder Kompensatiounscompte kënne gesat ginn, erfëllen d’Konditioune vun der steierlecher Befreiung net a falen net an dës Klausel. Sollt een awer d’Stonnen zu engem spéideren Ament ausbezuelt kréien, esou ginn dës zu Lëtzebuerg besteiert. Stonnen aus vergaangene Joren, déi dëst Joer ausbezuelt ginn an net zu Lëtzebuerg besteiert ginn, falen nees ënnert déi däitsch Besteierung.
Betraff sinn och just Frontalieren, déi an Däitschland liewen. Fir Frankräich oder d’Belsch ginn et keng esou Klauselen, heescht et vun de Lëtzebuerger Autoritéiten. Eng Diskriminatioun, wéi den OGBL et a sengem Schreiwes déi lescht Woch genannt huet, gesäit de Ministère awer net. Well zu Lëtzebuerg selwer gi weder d’Iwwerstonne vu Residenten nach vu Frontaliere besteiert.