
D’Associatioune Finkapé a Lëtz Rise Up reprochéieren den Organisateure vum Marathon op de soziale Medie Rassismus. Déi haten an hirer Powerpoint-Presentatioun geschriwwen, et hätt een dëst Joer keng afrikanesch Top-Athlete verflicht. An direkt drënner steet “Chance fir europäescher Leefer”.
Finkapé huet d’Liichtathletikfederatioun FLA an den Daachverband vun der nationaler Liichtathletikfederatioun IAA ugeschriwwen an denoncéieren eng Diskriminatioun vun den afrikanesche Leefer, déi géife vum Nuetsmarathon ausgeschloss ginn. Virun allem och de Message, et wier eng “Chance fir europäesch Leefer”, kënnen d’Associatiounen absolut net novollzéien.
Am RTL-Interview wiert sech den Organisateur Eric François géint de Rassismusvirworf mam Argument, et hätt een dëst Joer guer keng Top-Athleten, vun néierens wouhier bezuelt, fir de Marathon an der Stad lafen ze kommen. Jidderee kéint awer natierlech kommen. Et géif just keen derfir bezuelt ginn, fir mat derbäi ze sinn.