Duerch d’Inflatioun wier d’Demande iwwert e Joer gekuckt ëm 25 Prozent geklommen. Ëmmer méi dacks géingen och Leit kommen, déi eng Aarbecht hunn, krute mir am Cent Buttek zu Beetebuerg gesot. Fir an enger Epicerie sociale dierfen anzekafen, muss een eng entspriechend Kaart hunn, op där och steet, wéi grouss de Stot ass. Et soll fir jidderee genuch do sinn, dowéinst ginn d’Liewensmëttel vun de Benevolle fair verdeelt. De Client bezilt symbolesch 2 Euro. De President vun der Cent Buttek ASBL, den Arthur Besch, präziséiert awer, dass et och mol géing virkommen, dass Leit déi Zomm net kënne bezuelen. Heiansdo géing den Office social op der Kaart och präziséieren, dass net no den 2 Euro soll gefrot ginn, well d’Persoun déi net kéint opbréngen.
D’Profiller vun de Beneficiairë si ganz ënnerschiddlech. Op der Sich no enger Aarbecht oder an der Prozedur fir d’Pension d’invalidité ausbezuelt ze kréien. Déi meeschte Leit wollten net an de Mikro schwätzen, eng Partie ënnert hinne soten, dass si trotz Aarbecht net all d’Käschte kéinte bezuelen.
500 Famillje passéiere pro Mount eleng am Beetebuerger Cent Buttek. Am ganze profitéieren eng 1.800 Persoune vun de Liewensmëttel. D’Associatioun huet nach ee Buttek an der Stad an een zu Péiteng. D’Liewensmëttel ginn déi benevole Mataarbechter bei agreéiert Supermarchéë sichen. Den Arthur Besch bedauert awer, dass et mat der Kollekt net méi géing duergoen. Aktuell misst d’Cent Buttek ASBL souguer selwer Liewensmëttel akafen, fir dass d’Beneficiairë genuch kënne kréien. Déi Benevolle froe sech, wéi laang dat nach opgeet.
Fir den Arthur Besch misst eng grouss Revisioun vun der Sozialpolitik gemaach ginn. “Fir deem Misär do – wat een och sou ka soen als Misär – fir deem iergendwéi en Enn ze maachen.”
Méi wéi 50 Leit schaffe fir de Stater Office social an trotzdeem feelt et weider u Sozialaarbechter.
D’Zuel u Clienten, déi hei no Hëllef froen, ass iwwert déi lescht Jore permanent geklommen. Et si Leit, déi an aarme Verhältnisser liewen. Déi meescht hu keng Aarbecht, verschiddener hu souguer keen Dag iwwert dem Kapp. Am Office social gëtt all Situatioun evaluéiert a gekuckt, ob d’Persoun eng “Adresse de référence” brauch, fir administrativ Demarchë kënnen unzegoen, oder ob se finanziell ënnerstëtzt gëtt. Zum Beispill andeems een en Täschegeld gëtt, Loyers- oder Stroumkäschten iwwerhëlt oder den Accès zu enger Epicerie sociale erméiglecht.
Och wann d’Clientszuelen am Office social an der Stroossbuerger Strooss an der Stad an d’Luucht gaangen ass, goufen zejoert awer manner finanziell Hëllefen ausbezuelt, sot eis d’Chargée de Direction Sandy Lopes. Dat géif dorunner leien, dass de Revenu disponible vu verschiddene Leit duerch Allocatiounen a Primme méi héich wier. Trotzdeem géifen d’Problemer bei den Äermsten an der Gesellschaft net ofhuelen. Déi gréisst Erausfuerderung wier ëmmer nach de Logement.