
Meteolux huet fir en Dënschdeg de Mëtteg eng alerte jaune erausginn, dat fir haaptsächlech de Süde vum Land. Et sinn Temperaturen tëscht 31 an 33 Grad gemellt. Den Avis de chaleur gëllt vun 13 bis 19 Auer.

E Mëttwoch sinn dann och nees Temperature bis 33 Grad gemellt, ma et gëtt méi schmeier. Am Nomëtteg, respektiv owes, kommen da kräfteg Schaueren an och Donnerwieder sinn net ausgeschloss. Meteolux huet da fir e Mëttwoch eng Alerte jaune fir dat ganzt Land eraus ginn.