
Et ass e Brauch, deen op d’Zäit viru Christus zréckgeet, an trotzdeem lieft d’Traditioun vu Liichtmëssdag bis haut weider. D’Fest gëtt donieft mam Hellege Blasius a Verbindung bruecht, deen d’Véi schützt, an och géint Halswéi, Schwieren an d’Pescht hëlleft. D’Mënsche sollen drun erënnert ginn, dass Christus sech selwer als Liicht vun der Welt gesinn huet, dee Liicht an d’Däischtert bréngt.

Déi Kleng bastelen, dacks an der Schoul, hir Lampionen an üben och fläisseg dat traditionellt Lidd “Léiwer Härgottsblieschen” ze sangen. Fréier kruten d’Kanner fir Liichtmëssdag “Speck an Ierbessen”, haut sinn et meeschtens Séissegkeeten. Déi Eng ginn nach vun hiren Eltere begleet, déi Aner sinn op eege Fauscht, oder mat de Kolleegen ënnerwee.
Wann d’Kanner duerch d’Stroossen zéien, heescht et fir d’Automobilisten natierlech, besonnesch gutt opzepassen. Liichtmëssdag soll schliisslech e schéinen Dag sinn a bleiwen. A munche Gemenge sinn d’Kanner schonn um Sonndeg ënnerwee, op anere Plaze wäertn se réischt e Méindeg lasszéien.
Léiwer Härgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond,
Dat anert Joer da gitt der gesond,
Da gitt der gesond.
Loosst déi jonk Leit liewen
Loosst déi al Leit stierwen,
(Variante: an déi al derniewent)
Kommt der net bal,
D’Féiss ginn ons kal.
Kommt Der net gläich,
Da gi mer op d’Schläich.
Kommt der net geschwënn,
D’Féiss ginn ons dënn.
Kommt Der net gewëss,
Da kritt Der e Schouss voll Nëss.