Hightech aus LëtzebuergFirma vu Féiz hëlleft, Tunnel tëscht Däitschland an Dänemark ze bauen

RTL Lëtzebuerg
Op engem vun de gréisste Schantercher an Europa gëtt Technologie aus Lëtzebuerg agesat.
Grand-duc a Mobilitéitsministesch bei Tractel
Bei der Firma Tractel Secalt schafft een un Innovatiounen, déi an der Infrastruktur zum Asaz kommen.

Tëscht Däitschland an Dänemark gëtt en 18 Kilometer laangen Tunnel gebaut.

D’Bëtonssegmenter vum sougenannte Fehmarnbelt-Tunnel ginn u Land prefabrizéiert, vu Booter eraus op d’Mier gezunn an dann am Waasser versenkt. D’Tunnelssegmenter hunn hannen a vir Dieren, fir datt kee Waasser eraleeft, ier se a Positioun sinn. Eng speziell Maschinn, déi vun der Lëtzebuerger Firma Tractel vu Féiz entworf a gebaut gouf, huet d’Missioun, fir dës Dieren no an no nees auszebauen. Déi tonneschwéier Diere ginn dann an neie Segmenter op en Neits verbaut.

D’Entreprise Tractel huet 4 Prototyppe gebaut, 2 dovunner si schonn um däitsch-dänesche Chantier am Asaz. D’Maschinn gouf komplett zu Lëtzebuerg entwéckelt an och zesummegebaut. Bis virun e puer Wochen nach gouf d’Technik an de Fonctionnement vun de Maschinne geheim gehalen. Et sinn Apparater, déi op Mooss fir de Client gebaut goufen.

Den Nicola Prevenna ass de responsabelen Ingenieur, deen d'Maschinn konzipéiert huet. Hie schafft zënter 30 Joer fir d'Firma Tractel. Säin éischten Optrag fir d'Entreprise, deemools an den 90er Joren, war d'Entwécklung vun engem Mechanismus, deen et erlaabt, de Fändel um groussherzogleche Palais automatesch erop an erof ze zéien.
Den Nicola Prevenna ass de responsabelen Ingenieur, deen d’Maschinn konzipéiert huet. Hie schafft zënter 30 Joer fir d’Firma Tractel. Säin éischten Optrag fir d’Entreprise, deemools an den 90er Joren, war d’Entwécklung vun engem Mechanismus, deen et erlaabt, de Fändel um groussherzogleche Palais automatesch erop an erof ze zéien.

Doduerch datt ee mat prefabrizéierten Elementer schafft, ginn esouwuel d’Bauzäit wéi och d’Baukäschte vum Tunnel erof. Et hofft een, datt dës Technologie och bei anere Projeten an den Asaz kënnt.

E Mëttwoch de Mëtte waren de Grand-Duc Henri an d’Mobilitéits- a Bauteministesch Yuriko Backes op Visitt bei der Firma Tractel. D’Maschinn gouf ewell och mat engem Innovatiounspräis ausgezeechent.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

S.A.R. le Grand-Duc et la ministre de la Mobilité et des Travaux publics célèbrent l’innovation chez Tractel Secalt
Communiqué par : ministère de la Mobilité et des Travaux publics / Cour Grand-Ducale / entreprise Tractel Secalt SA

En date du 24 avril, S.A.R. le Grand-Duc et la ministre de la Mobilité et des Travaux publics, Yuriko Backes, ont visité l’entreprise Tractel Secalt, pour participer à la célébration de la création et de la production d’un prototype unique : le Bulkhead Lifting and Removal Tool (BRLT).

Cet outil de levage et de retrait de cloisons sera utilisé dans la réalisation du tunnel ferroviaire et routier immergé de 18 km de long et situé à 40 mètres de profondeur, assurant la connexion entre l’Allemagne et le Danemark.

Au cours de cette visite, la ministre a souligné: « Dans la quête d’une mobilité plus durable et de qualité en Europe, une infrastructure innovante est cruciale. Je suis ravie de voir que des entreprises novatrices comme Tractel Secalt, engagées dans le développement des infrastructures de demain, contribuent depuis le Luxembourg à la réalisation de nos objectifs en matière de mobilité transfrontalière sur notre continent. »

Tractel Secalt, une société luxembourgeoise, est active dans trois domaines clés : les solutions d’accès temporaires, les solutions d’accès permanents et les solutions spécifiques pour l’industrie et les infrastructures. Fondée au Luxembourg en 1948, Tractel a élargi ses activités et est devenue un leader mondial dans le domaine des équipements de sécurité et de levage. Avec ses 54 employés au Luxembourg, l’entreprise se démarque principalement par son produit phare, le Tirfor, un dispositif polyvalent qui permet de tirer, soulever et descendre des charges en toute sécurité. En plus de cette technologie emblématique, Tractel Secalt continue d’innover et de développer une gamme étendue d’équipements de sécurité et de levage, contribuant ainsi à assurer la sécurité des travailleurs et des infrastructures dans divers secteurs d’activité, tout en conservant ses racines luxembourgeoises.

Back to Top
CIM LOGO