
Dem Nicolas Didier, President vum Luxembourg Science Center, seng Privatfirma GGM11 muss sech den 21. Juni viru Geriicht veräntwerten. Dat wéinst Défaut d’autorisation. GM11 huet vun den Opträg vum Science Center gelieft an hat soss keng Clienten. Dat huet e Spriecher vum Parquet RTL confirméiert.
De Mëttelstands- an den Educatiounsministère haten am Fréijoer eng Denonciatioun beim Parquet gemaach, wéi bekannt gouf, datt GGM11 keng gülteg Autorisatioun hat. Den Educatiounsministère huet de Luxembourg Science Center iwwert déi lescht Joren iwwer Konventioune subventionéiert. Déi Konventioune goufen awer antëscht wéinst Probleemer mat der Gouvernance opgekënnegt.
Donieft huet awer och d‘Finanzinspektioun (IGF) eng Plainte beim Parquet gemaach. Ëm wat et do genee geet, war net gewuer ze ginn. D‘IGF huet d’Finanzstréim analyséiert, déi tëscht dem Science Center an der privater Firma vum Nicolas Didier hin- an hiergaange sinn.