
Den Educatiounsminister Claude Meisch war e Mëttwoch bei d’Deputéiert vun der Budgetskontroll- an der Educatiounskommissioun, dat fir Explikatiounen zum Science Center ze ginn. Hien huet do Moossnamen annoncéiert, fir de President vum Science Center Nicolas Didier ënner Drock ze sëtzen. Deen huet sech bis elo net beweegt, fir d’Gouvernance ze verbesseren. De Minister dréit elo de Geldkrunn zou, fir ze verhandelen. D’Bild vun de Faiten am Science Center war elo kloer genuch, esou de Claude Meisch: "...fir ze decidéieren, datt et esou op jidder Fall net einfach ka weidergoen an datt mer doropshi gëschter (en Dënschdeg) déi Konventioun fir de Fonctionnement vum Luxembourg Science Center gekënnegt hunn. Dat net mat Effet immediat, mä wéi d’Konventioun et virgesäit, a sechs Méint.”
Dat en Vue vun neien Negociatiounen. De Claude Meisch ka sech och aner Gouvernance-Strukture virstellen. “Bis hin zu engem Etablissement public, also eng Verstaatlechung vun der Aktivitéit.” De Succès vum Science Center géif weder hien nach d’Deputéiert a Fro stellen.
Ma trotzdeem setzt de Minister de Science Center gären op d’Strooss. D’Léierbud, an där de Science Center de Moment zu Déifferdeng installéiert ass, gehéiert der Fondatioun Léierbud an esou seet de Claude Meisch: “Mir wäerten och der Gemeng Déifferdeng an der Fondatioun proposéieren, fir zu enger Kënnegung vun dëser Mise à disposition ze goen. Dat fir gegebenfalls nei kënnen ze verhandelen.”
Am Kloertext, heescht dat:, “datt mer eis wëllen an eng staark Positioun brénge par Rapport zu engem privatrechtleche Partner, fir do zu enger Neiausriichtung ze kommen, fir nach eng Kéier herno d’Aktivitéit ze perenniséieren.” Op eng méiglech Faillite vum Nicolas Didier senge privaten Initiativen ugeschwat, sot de Claude Meisch: “Et ass net u mir, fir iwwer Faillitten ze schwätzen. Mä et ass awer och net u mir, fir Faillitten z’evitéieren.”
Beim Hiweis, datt de Claude Meisch fréier als Déifferdenger Buergermeeschter zesumme mam Nicolas Didier fir de Science Center gekämpft huet an elo d’Kontroll feelt, well dem Nicolas Didier seng ASBL Subventioune krut, ouni datt de Staat an der ASBL vertrueden ass, relativiséiert de Claude Meisch. “Och wann ee lo kuckt, wa mer do doranner investéieren, dann ass dat net méi, wéi mer an eng grouss Maison relais subventionéieren. [...] Mir hunn honnerte Konventiounen am sozio-educative Beräich an der änlecher Envergure wéi beim Luxembourg Science Center, wou mer net am Conseil d’Administration dra sinn.”
Hie géif awer op kee Fall den Ausbau mat droen, wann de Staat net am Verwaltungsrot wier, betount de Claude Meisch. Hien hätt och kee Kontakt mam Nicolas Didier gehat déi lescht Méint: “Hien huet mir per SMS gewënscht fir Neijoerschdag an ech hunn him per SMS och zeréckgewënscht, him a senger ganzer Ekipp. An hien huet zu mengem Erstaunen dat, mengen ech, bei senger ganzer Beleegschaft sou ausgedréckt, wéi wann hien a beschten Termen mam Minister wier an dat huet mech dozou gefouert, fir dono dann och all Kontakt definitiv ofzebriechen.”
D’Inspection générale des finances hätt bei hiren Aarbechte bis ewell keng nei Elementer fonnt, déi ee misst un de Parquet weiderginn, esou de Claude Meisch. Hieren Audit soll bis Enn Abrëll oder Ufank Mee ofgeschloss sinn. Da soll de Claude Meisch op en Neits bei d’Deputéiert an d’Chamber kommen, fir Explikatiounen ze ginn.