FGFC freet sech"Firwat gëtt an der Rentekris, den ëffentlechen Déngscht zum Sënnebock gemaach?"

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch koum den neisten Newsletter vun der FGFC an do gouf d'Rentekris thematiséiert.
© Envato Symbolbild

Firwat gëtt an der Rentekris, den ëffentlechen Déngscht zum Sënnebock gemaach?”, sou d’Iwwerschrëft vum neisten Newsletter. D’Gewerkschaft vum Gemengepersonal warnt viru Spekulatiounen, mee och viru Verschlechterungen ewéi et der mat der Reform vun 2012 goufen.

D’FGFC weist och drop hin, datt de Staat an d’Gemenge knapp 45.000 Beschäftegter a just 20.000 Rentner aktuell hätt. Am Verglach mat de 500.000 Aarbechtsplazen an 220.000 Rentner am Privatsecteur wier den ëffentlechen Déngscht deemno kee Risikofacteur.

Donieft bedauert d’FGFC e Manktem u Solidaritéit vu Säite vun aneren Organisatiounen, ouni se mam Numm ze nennen. Anerersäits werft se de Vertrieder vun der Jugend Duebelmoral vir, well dës eng Ofwäertung vum ëffentlechen Déngscht géinge fuerderen, awer op kee Fall wéilten, datt een un d’Studiejore geet.

Back to Top
CIM LOGO