FOTOEN A VIDEO: Schnéi am WanterFirwat gi verschidde Strecke bei Schnéi an Äis gespaart?

Jeannot Ries
Allgemengt Fuerverbuet am Fall vu Schnéi a Glatäis: Ma vu wat fir engem Ament un däerf déi betraffe Streck dann net méi befuer ginn?
© Jeannot Ries

De Code de la Route wier massgebend. Den Direkter vun de Ponts et Chaussées baut op de gesonde Mënscheverstand vun den Automobilisten. Hannert dem Schëld u sech verstoppt sech och de Message: hei sinn Strecken, déi villäicht net gestreet sinn. Oder geféierlech sinn. Ob et bei zwee Millimeter oder zwee Zentimeter Schnéi geféierlech ass, dat ass jidder Chauffeur iwwerlooss, sou de Roland Fox. Eescht geholl gouf de Message um Schëld net onbedéngt, déi lescht Deeg. Vill Automobiliste sinn duerch e Verbuet gefuer. Se hu sech strofbar gemaach: 75 Euro kascht dat!

VIDEO: Firwat gi verschidde Strecke bei Schnéi an Äis gespaart?
Allgemengt Fuerverbuet am Fall vu Schnéi a Glatäis: Ma vu wat fir engem Ament un däerf déi betraffe Streck dann net méi befuer ginn?

Doriwwer eraus stellt sech d'Fro vun der Responsabilitéit am Fall vun engem Accident. Kënnt d'Assurance nach op? Op Nofro hin krute mer d'Erklärung: Lëtzebuerger Assurance-Gesellschaftë wieren éischter kulant. Och eng Voll-Kasko kéim mat grousser Wahrscheinlechkeet nach op. Kloer Richtlinne gëtt et keng.

Opreegung a Gewulls, ronderëm eng Decisioun, mat där sech vill Automobiliste schwéier dinn. Mat der Fro: firwat eigentlech, ginn dës Strecken bei Schnéi an Äis gespaart? Virop, fir dat d'Gefierer, déi eventuell géifen hänkebleiwen, d’Camionen vum Streedéngscht net blockéieren. An domat eng ganz Tournée op d’Kopp geheien, sou de Roland Fox.

A Propos Schnéi, glat Stroossen a Streeën: An zwou Situatiounen huet d'Police déi lescht Deeg keen Aen zougedréckt. Wann Automobilisten nach mat Summerpneuen ënnerwee waren. Respektiv, wann d'Gefier net uerdentlech entäist an nach mat Schnéi bedeckt war. A béide Fäll goufen da 74 Euro akasséiert.

Schnéi an der Nuecht op e Freideg

An der Nuecht op e Freideg war nees Schnéi gemellt. Deen ass an de Moiesstonnen awer schonn a Reen oder a Schnéireen iwwer gaangen.

Et ware bis zu 7cm Neischnéi gemellt. Am Éislek sinn och plazeweis 6-8cm derbäi komm. Och am Recht vum Land sinn iwwer Nuecht nach deen een oder aneren Zentimeter gefall, ma d'Situatioun op de Stroossen ass um Freideg de Moie besser wéi nach 24 Stonne virdrun.

Et muss een awer plazeweis op Glatäis oppassen. Am Laf vum Dag klammen d'Temperaturen op +2 bis +6 Grad. An der Nuecht op e Samschdeg fänkt et nees u mat reenen, am Éislek kann et deels och schneien.

Situatioun um Donneschdeg

An der Nuecht op en Donneschdeg huet et op ville Plaze deelweis zolidd geschneit. Et huet geheescht oppassen a sech mat Zäiten op de Wee ze maachen. Op ville Plazen ass et e gudde Strapp méi lues gaangen, Beem hu Stroosse blockéiert a Camione sinn net méi viru komm.

© S. Roos

Meteolux hat e Mëttwoch gemellt, dass tëscht 22 Auer an en Donneschdeg de Moie 7 Auer mat 2 bis 5 Zentimeter Schnéi ze rechne wier. Am Laf vum Moien huet sech d'Situatioun berouegt. Fir d'Nuecht op e Freideg ass awer weidere Schnéi ugekënnegt. Bis zu 7 Zentimeter Neischnéi ginn dee Moment virausgesot.

© Michel Schmit

METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder? Hei all d'Infoen an de Bléck vun eise Panorama-Kameraen.METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.

En Donneschdeg koum eng zolidd Couche Schnéi derbäi!
D'ganzt Land läit ënner enger wäisser Decken - zur Freed vun de Kanner ...

Fir vu Frankräich an d'Land era gouf et en Donneschdeg zum Beispill 30 Kilometer Stau.

Wéinst de schwierege Stroossekonditiounen gouf et eng Vitesslimitatioun vun 70 km/h an de fréie Moiesstonnen. Déi ass am Laf vum Moien op 90 km/h gehuewe ginn. Um 11 Auer gouf och déi Restriktioun opgehuewen. Elo gëllen also déi allgemeng Vitesslimitatiounen op den Autobunnen.

© RTL Mobile Reporter

Den Izegerstee war eng Zäitche gespaart, ass awer elo nees op.

© Olidom Multimedia

Och Siren-Conter war um Donneschdeg de Moien net fir den Trafic op.

Net jiddereen huet sech un d'Stroossespär gehalen
Net jiddereen huet sech un d'Stroossespär gehalen
© Olidom Multimedia
© Olidom Multimedia

Problemer goufen och gemellt vun den CFL. Vill Zich hätte Verspéidung oder wieren um Donneschdeg de Muere guer net komm. Den Zuch tëscht Rodange an der Stad z.B. hat 1 Stonn Retard an d'Leit hunn du bal net all an d'Waggone gepasst, sou iwwerfëllt war en.

Schnéi zu Fenteng um Donneschdeg de Moien
Schnéi zu Fenteng um Donneschdeg de Moien
© RTL Mobile Reporter / Laurence Eyschen
© RTL Mobile Reporter

D'Situatioun um Mëttwoch

Wien e Mëttwoch de Moien aus der Fënster gekuckt oder d'Dier opgemaach huet, deen huet just nach wäiss gesinn. A bis an d'Mëttesstonn huet et monter weidergeschneit. Bis zu 10 cm am Süden, alt bis zu 30 am Norden!

FOTOGALERIE: Vill flott Schnéifotoen.Moies huet dat virun allem Problemer am Trafic mat sech bruecht, owes ass et dunn och nees glat ginn. Et housch an et heescht also oppassen!

Wéinst dem Schnéi houngen uechter d'Land plazeweis Autoen a Camione fest, sou z.B. am Éiterbierg, am Bärelerbierg an op der N7 Richtung Housen.

Plazeweis koum et zu Accidenter, sou z.B. tëscht Miersch a Schëndels, Réckstau bis op d'A7, op der A1 Richtung Gaasperecher Kräiz hannert der Opfaart Sandweiler, tëscht Féiz a Steebrécken, tëscht Suessem a Lampech, zu Heeschdref, tëscht Konstem a Kautebaach, tëscht Wolz an Näertrech, tëscht Miersch a Schëndels an an der Stad um Boulevard de la Foire, fir nëmmen déi ze nennen.

VIDEO: Schnéi zu Lëtzebuerg: 10 Zentimeter am Süden, 30 am Norden
D'Kanner huet et gefreet, datt Schnéi louch. Ma de Schnéi hat vill Repercussiounen op den Trafic

Vum Luxairport heescht et, datt wéinst Wiederkonditioune mat Verspéidungen um Findel ze rechne wier. D'Leit solle sech am Virfeld bei der Airline informéieren. Weider gëtt och gewarnt, datt d'Stroosse ronderëm de Fluchhafe kéinte glat sinn.

Bei de sëllechen Accidenter goufen 9 Persoune blesséiert, sou d'Informatioun vum CGDIS.

E Mëttwoch den Owend waren op der N13 bei Dippech zwee Camione blockéiert.
E Mëttwoch den Owend waren op der N13 bei Dippech zwee Camione blockéiert.
© Olidom Multimedia

Op munche Plaze goung et och schwiereg virun. Gemellt gouf dat ënner anerem vu Mënsbech, Schëtter, Éiter, Éiterbierg, Groussbus, Mamer-Stroossen, Iechternacher Streck a Rammerech.

Am Bärelerbierg an och am Éiterbierg koumen Autoen, respektiv Camionen net méi virun. Déi Beräicher sollt een onbedéngt evitéieren. Och am Heischtergronn houng e Camion, grad ewéi op der N7 Fridhaff Richtung Housen.

Zu Diddeleng haten 2 Busser d'Route de Zoufftgen fir aus Diddeleng eraus blockéiert.

Wéinst de schwierege Stroosseverhältnisser gouf op allen Autobunnen d'Vitess op 70 km/h erofgesat. Géint 11 Auer gouf déi Limitatioun op 90 km/h eropgesat, ausser op der Nordstrooss, der A7. Do gëllt weiderhin Tempo 70. No 14 Auer du gouf d'Limitatioun nees opgehuewen.

D'Police erënnert dann och nach emol drun, dass ee bei wanterleche Konditioune muss mat de richtege Pneuen ënnerwee sinn. Ass een dat net, riskéiert een e Protokoll vu 74€.

D'Virféierung vum Stéck « DE CABINET VUM DOKTER MENASSE », déi e Freideg um 19.30 Auer sollt am Kulturhaus Nidderaanwen sollt sinn, gëtt op e Sonndeg 17 Auer verluecht.

TRAFIC: Aktuell Informatiounen.
TRAFIC: Cita-Kameraen A1.
TRAFIC: Cita-Kameraen A3.
TRAFIC: Cita-Kameraen A4.
TRAFIC: Cita-Kameraen A6.
TRAFIC: Cita-Kameraen A7.
TRAFIC: Cita-Kameraen A13.
INFOEN? Gitt Trafic-Reporter.
METEO: Livecam - de Bléck vum Héichhaus.
FOTOGALERIE: Andréck vun der Stroossen, awer och vun anere Plazen.

Back to Top
CIM LOGO