Invité vun der Redaktioun (29. Juli ) - Marc RuppertFokus weider politesch aktiv, mam Fränk Engel an der zweeter Rei

Anne Wolff
E Méindeg de Moie war "Fokus" Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Marc Ruppert
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Mer wäerte weider schaffen, sachlech a mam néidege Courage, an eng richteg Alternativ duerstelle bei den nächste Walen. Dat sot de Fokus-President Marc Ruppert e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

De Fränk Engel ass iwwerdeems net méi Spriecher vu Fokus. Et hätt een zesummen decidéiert, fir dee Posten net méi ze besetzen. Et wéilt een awer och fortkomme vum Image vun enger Fränk-Engel-Partei. Et wäert een net op hie verzichten, mä och aner, nei Leit, méi an d’Vitrinn stellen. 219 Memberen huet Fokus den Ament a finanziell stéing ee ganz stabil do.

D’Parteiefinanze géifen och enk vun enger Fiduciaire suivéiert ginn. “Wann ee mat Steiergelder hantéiert, fannen ech dat nëmmen normal”, sou de Marc Ruppert.

E Méindeg de Moie war “Fokus” Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO