No 2 Joer ouni SchueberfouerForain: "Personal fir de Service fanne gëtt schwéier"

RTL Lëtzebuerg
De Romain Hoffmann ass zënter 42 Joer mat sengem Restaurant op der Fouer vertrueden. No 2 Joer Paus ass de Comeback mat enger Partie Hürde verbonnen.

An de 50er Jore waren dem Romain Hoffmann seng fréier Schwéiereltere mat der Friture “Chez Irène” déi éischte Kéier op der Schueberfouer vertrueden. Duerno huet sech och de mëttlerweil pensionéierten Assurancier am Familljebetrib engagéiert an huet dësen da weidergefouert. Zënter 42 Joer ass de Romain Hoffmann elo mat op der Schueberfouer dobäi. Virun esou Schwieregkeete wéi dëst Joer stoung hien awer soss net.

20/05/2022 Band Chez Irene 12h20 C.Spithoven

No 2 Joer gëtt d’Material rëm ausgepaakt.

Pandemie-bedéngt gouf d’Schueberfouer 2020 komplett ofgesot an 2021 duerch den alternativen “Fun um Glacis” ersat. Fir de Romain Hoffmann bedeit dat, dass säi ganzt Ekipement 2 Joer net vun der Plaz geréckelt ass. Déi mobil Kichen, d’Dëscher, d’Still - alles läit zënter 2019 am stockéiert.

Dass d’Fouer dëst Joer rëm normal oflafe wäert an och de Romain Hoffmann mat senger Famill an hirem Restaurant rëm dierfe present sinn, freet hien zwar immens. Ma elo muss ee fir d’éischt emol kucken, ob d’Material nach an der Rei ass. Funktionéiert d’Gasplack nach? Hunn d’Sëtzgeleeënheeten déi laang Paus iwwerlieft? Alles Froen, déi de Romain Hoffmann sech elo stëllt. No 2 Joer ouni Fouer si materiell Investitiounen a Reparaturen nämlech eng finanziell Erausfuerderung.

Et feelt u Personal.

Nieft de Suerge ronderëm den Zoustand vum Material, huet de Forain mat engem weidere Problem ze kämpfen, deen och déi aner Forainen an den Horeca-Secteur gutt kennen: Et feelt einfach u Personal an der Gastronomie. “Virun der Pandemie hat een enorm Waardelëschte mat Studenten, déi drop gebrannt hunn, op der Fouer Geld ze verdéngen an Erfarungen ze maachen. Mir haten ëmmer eis Studenten, op déi mir eis verloosse konnten. Wann der e puer mat hire Studie fäerdeg waren, hate mir schonn déi nächst. Elo no 2 Joer hunn d’Leit och aner Beruffer fonnt, si sech ze schuet, fir am Service ze schaffen oder d’Studente gi léiwer an d’Vakanz, wéi Suen ze verdéngen. Mir musse rëm bei Null ufänken an de Marché gesäit net gutt aus”, erzielt de Romain Hoffmann vun der Friture.

An de soziale Reseauen hu si en Opruff gemaach, fir Personal fir d’Schueberfouer ze fannen. Ma zënter Wochen telefonéiert de Romain Hoffmann hin an hier a seng Ekipp ass ëmmer nach net komplett. Dat bréngt eng grouss Ongewëssheet mat sech an et ass eng Situatioun, déi ee fréier net esou kannt huet.

Schwiereg ass d’Sich och, well net all Persoun fir dësen Job a Fro kënnt. “Mir fänken deen éischten Dag direkt u mat schaffen. Do muss d’Personal e Minimum un Erfarung matbréngen, och wann ee just heiansdo um Comptoir oder Weekends ausgehollef huet. D’Fouer geet just 3 Wochen. Do ass einfach keng Zäit d’Personal mol 10 Deeg unzeléieren.”

Falls hie seng Ekipp net ganz zesummekritt, hofft de Forain op Versteesdemech vum Client. “Da musse mir d’Kaart eben e bësse méi kleng maachen an ech muss hoffen, dass d’Leit och kommen, wa se e bësse méi laang waarde mussen.”

Wäit viraus denken an awer flexibel bleiwen.

Dass d’Liewensmëttelpräisser klammen an et Liwwerproblemer bei verschiddene Produite gëtt, ass kee Geheimnis. Zu Lëtzebuerg ass zum Beispill de Planzenueleg den Ament méi rar. “Hei muss een am viraus plangen”, fënnt de Besëtzer vum “Chez Irène”. Scho virun e puer Wochen, wou de Restaurateur drop opmierksam ginn ass, huet hien 3 Paletten Ueleg kaf. “Mat Waasser kann ech meng Fritten an de gebakene Fësch nämlech net kachen.”, seet de Romain Hoffmann am Laachen. D’Präishaussë vun de Produite wäerte sech definitiv op de Präis vun de Platen auswierken, mengt hien. Et géing een awer versiche räsonabel ze bleiwen. Fir de Client muss kloer sinn, dass ee mat de Präishaussen net d’Verloschter vun deene leschten 2 Joer ausgläiche wëll, mee ee seng Ausgaben einfach Decke muss, sou de Romain Hoffmann weider.

Wéi och déi lescht Joerzéngte kuckt hien awer mat Virfreed op d’Fouer, och wann dës dëst Joer kombinéiert ass mat engem Gefill Ongewëssheet.

Back to Top
CIM LOGO