Fir Sue fir presuméiert Fondatioun ze sammelenFotoe vun der Landwirtschaftsministesch ënner falschem Virwand benotzt

RTL Lëtzebuerg
Datt online Profiller vun exposéierte Personnagë gehacked ginn, ass näischt Neits. Datt mat Fotoe vu Politiker no Done gefrot gëtt, och net.
© SIP / Claude Piscitelli

Aktuell sinn et Fotoe vun der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen, déi op Facebook benotzt ginn, fir Sue fir eng Fondatioun ze sammelen, mat där d’CSV-Politikerin awer näischt ze dinn huet. Et geet ëm eng presuméiert Fondatioun, hannert där eng Fra stécht, séi sech Tatjana B.* nennt, an déi anscheinend Sue fir Weesekanner, Fraen a Persoune mat engem Handicap recoltéiert.

D’Ministesch deelt mat, datt d’Fotoe vun hir an deem Kontext detournéiert gi wieren an ni an sou engem Kader gemaach gi wieren. Och hätt d’Martine Hansen kee Lien mat der Fondatioun oder der Fra, déi derhannertstécht.

Et gouf dann och eng Denonciatioun beim Parquet grad wéi och e Signalement bei Facebook a Bee Secure gemaach.

*UPDATE

Ufank Abrëll huet d’Madamm B. der Redaktioun vun RTL via Affekotin matgedeelt, datt hire Facebook-Kont gehackt gi wier a si scho laang keen Accès méi dorop hätt. Doropshin huet RTL decidéiert, de Familljennumm, deen am Communiqué vum Ministère de l’Agriculture, de l’Alimentation et de la Viticulture (mam Titel: Clarification concernant l’utilisation abusive de photos de la ministre Martine Hansen) ganz stoung, op d’Initial ze reduzéieren.

Back to Top
CIM LOGO