
Méi genee soll den Accident tëscht engem Auto an engem Foussgänger op der Kräizung tëscht der Route d’Ettelbruck an der Rue de l’industrie geschitt subb. Hei soll et no éischten Informatiounen zu enger Kollisioun komm sinn, wéi de Foussgänger iwwert d’Strooss gaangen ass.
De Chauffeur selwer soll kuerz drop a Richtung Angelduerf gefuer sinn, ouni sech ëm dat liicht blesséiert Affer ze këmmeren. Beim Auto soll et sech ëm eng schwaarz oder gro Limousin gehandelt hunn. De Chauffeur vum Auto, respektiv Zeien, déi eppes gesinn hunn, solle sech bei der Police vun Dikrech/Veianen mellen, dat iwwert Telefon um (+352) 244 80 1000 oder iwwer Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu.