Alkohol um SteierFoussgängerin am Parkhaus ugestouss an einfach weider gefuer

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt direkt méi Fäll vun Alkohol um Steier aus de leschte Stonnen

Eng Situatioun huet sech an der Nuecht op e Samschdeg a Clausen ofgespillt. Hei hat e Chauffer eng Foussgängerin am Parkhaus ze pake kritt, ass awer dono einfach weider gefuer. Policebeamten hunn d’Gefier gesinn, wéi et aus dem Parkhaus gefuer ass, an hu sech zu Fouss opgemaach, de Won ze stoppen. Datt ass hinnen och op der Héicht vun der Place Emile Mousel gelongen. De Chauffer ass den Opfuerderunge vun de Beamten net nokommen, esou datt hien immobiliséiert huet misste ginn. Well hie keen Alkoholtest wollt ofginn, krut hien de Permis virleefeg ofgeholl. Beim Duerchsiche vum Auto konnt och nach eng kleng Quantitéit Droge séchergestallt ginn. D’Affer gouf beim Tëschefall net blesséiert, schreift d’Police weider.

Aus der selwechter Nuecht ass dann och d’Meldung aus der Géigend vu Péiteng, wéi d’Polizisten en Auto konnte stoppen, dee mat Schlaangelinnen ënnerwee war a Richtung A13. D’Unhale vum Gefier huet e bësse gedauert, well de Chauffer net op d’Zeeche vun de Beamte reagéiert huet, esou datt een de Won eréischt am Rond-point Biff konnt unhalen. Hei war den Test positiv an de Permis fort.

Am Pommerlach war den Automobilist net duerch seng Fuerweis, mä bei enger Kontroll duerch de Geroch vum Alkohol opgefall. Och hei gouf de Permis provisoresch ofgeholl.

Zu Toodler dunn hat en alkoholiséierte Chauffer en Accident gebaut, bei deem sech de Won iwwerschloen hat. Dat war e Freideg géint 15.40 Auer. De Chauffer koum an d’Spidol, ma de Permis huet hie provisoresch missten ofginn.

Mat futtisse Pneue war en Auto vun Nidderfeelen op Ettelbréck ënnerwee, wéi et op der N15 stoe bliwwen ass an de ganz Fuerbunn blockéiert huet. Wéi d’Police op d’Plaz koum, war d’Automobilistin nach ëmmer do. Well si ze vill gedronk hat, war de Permis fort.

E weidere Permis gouf dunn tëscht Uewerdonwen a Fluessweiler agezunn. Hei war e Freideg e Won vun der Streck ofkomm. Éischten Informatiounen no hat d’Automobilistin d’Kontroll an enger Lénkskéier iwwert den Auto verluer an ass an e Feld gefuer. Si gouf dobäi net blesséiert, ma de Permis war nom Alkoholtest agezunn.

Back to Top
CIM LOGO