
Dat, nodeems hie sech als e Mataarbechter vun enger Associatioun ausginn hat, déi Done géif sammelen. Eng Enquête gouf lancéiert.
An der Stad gouf iwwerdeems e Mëttwoch de Moien am Garer Quartier ee presuméierten Drogendealer gepëtzt. Der Police war eng Grupp vu Leit an der Rue Joseph Junck opgefall. Fir de Verdacht ze iwwerpréiwen, goufen d’Persoune kontrolléiert. Eng vun de Persounen, bei där d’Police denkt datt et e presuméierten Drogendealer kéint gewiescht sinn, gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.