Op eise StroossenFra e Méindeg den Owend op Zebrasträifen zu Schuller ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS eng Partie Blesséierter op eise Stroosse vum Méindeg den Owend respektiv aus der Nuecht op en Dënschdeg.

Kuerz no 18 Auer e Méindeg war zu Biissen en Auto an de Gruef gaangen. De SAMU huet mussen op d’Plaz kommen, fir sech ëm ee Blesséierten ze këmmeren.

Ronn eng Hallefstonn méi spéit gouf zu Schuller eng Foussgängerin ugestouss, wéi dës iwwert en Zebrasträife wollt goen. Och hei waren de SAMU an déi lokal Rettungsekippen am Asaz. D’Police präziséiert awer nach, datt de Chauffer net alkoholiséiert war.

Zu Chrëschtnech huet sech kuerz no 21.30 Auer dann en Auto iwwerschloen an de Chauffer gouf blesséiert.

Zu Stengefort an der Habschterstrooss ass géint 2.30 Auer en Dënschdeg de Moien e Won an enger Lénkskéier vun der Strooss ofkomm an an eng Garagëpaart esou wéi an e Bam gerannt. Den Auto gouf dobäi komplett beschiedegt, de Chauffer huet fir eng Kontroll mussen an d’Spidol kommen. Och hei, esou d’Police, war keen Alkohol am Spill.

Da war awer nach zweemol Alkohol am Spill, wéi d’Police schreift. Dat eng Kéier an der Stad an zu Angelduerf. A béide Fäll war de Permis fort.

Back to Top
CIM LOGO