
Si war grad um Telefon, wéi en onbekannte Mann hir an der Rue Joseph Funck den Telefon aus der Hand gerappt huet an a Richtung Avenue de la Liberté geflücht ass. Wéi d’Affer probéiert huet, dem Täter hannendrun ze lafen, ass d’Fra gefall an huet sech wéigedoen.
D’Police mellt iwwerdeems och eng Partie Abréch. En Dënschdeg den Owend ass zu Rodange an der Rue de Lavoir an een Eefamilljenhaus agebrach ginn. E weideren Abroch gouf et och en Dënschdeg den Owend an der Stad an der Rue des Maraîchers. A béide Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz.