
Dat, well am Avis vum Comité Consultatif sur la Conduite des Député vun der Chamber Zweiwel ausdréckt ginn, dass d’Mandat als Deputéierten an d’Funktioun als President vum Gremium, dat dem Ëmweltministère ënnersteet, matenee compatibel sinn. Deen Avis vun der Chamber war vum François Benoy selwer ugefrot ginn, wéi d’ADR an engem oppene Bréif Ugangs Mee ee méiglechen Interessekonflikt virgehäit hat.
Dat, well de François Benoy als Deputéierten agéiert, also fir d’Legislative, mä a senger Funktioun als President vum “Observatoire de l’Environnement” eng Indemnitéit bezitt. Den Observatoire ass e Gremium, dat dem Ëmweltministère, also der Exekutive, ënnersteet. Doduerch gesäit d’ADR d’Gewaltentrennung méiglecherweis a Fro gestallt.
De François Benoy hat dës Kritik vu sech gewisen a präziséiert, dass déi Indemnitéit vu knapp 150 Euro fir d’Aarbecht vun zwee Joer vergläichbar wier mat der Opwandsentschiedegung vun enger eenzeger Chamberssëtzung. Doriwwer eraus gouf den Observatoire de l’Environnement och scho virdru vun Deputéierte presidéiert, hat de grénge Politiker erënnert.
Hie wéilt awer de Avis vun der Chamber respektéieren, hat et schonn Ugangs Mee geheescht. Elo, wou dat Dokument do wier an eben Zweiwel ausdréckt, géing hie säi Mandat als President vum Observatoire och néierleeën.
Dem François Benoy säi Stellvertrieder am Observatoire de l’Environnement, de Claude Origer, Conseiller am Ëmweltministère, wäert d’Funktioun vum President iwwerhuelen. Dat mellt den Ëmweltministère an engem Communiqué.
Am September dëst Joer leeft dat aktuellt Mandat vun der Presidence am Observatoire aus. D’Gesetz gesäit duerno eng Alternance fir. Deemno wäert d‘Presidence vum Observatoire un e Vertrieder vun de Gemengesyndikater goen.
Nei Presidence am Observatoire de l’environnement naturel (09.06.2022)
Communiqué par : ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable
De President vum Observatoire de l’environnement naturel, den honorabelen Deputéierte François Benoy, huet der Ministesch fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung, dem Joëlle Welfring, gëschter per Courrier matgedeelt, säin Amt mat effet immédiat wëllen néierzeleeën. De Rôle vum Observatoire ass et, dem Ëmweltministère a senge Partner, notamment de Gemengesyndikater, a Saachen Naturschutz berodend zur Säit ze stoen an den Zoustand vun den natierleche Liewensraim ze evaluéieren.
Dat aktuellt Mandat vun der Presidence am Observatoire de l’environnement naturel leeft am September dëst Joer aus. Dem François Benoy säi Suppleant am Observatoire, de Claude Origer, Conseiller am Ëmweltministère, wäert d’Funktioun vum President bis zum Enn vun der Lafzäit iwwerhuelen. D´Gesetz gesäit dono eng Alternance vir. Ab Oktober 2022 wäert d’Presidence vum Observatoire deemno fir déi nächst 3 Joer un e Vertrieder vun de Gemengesyndikater goen.
Den Ëmweltministère seet dem François Benoy Merci fir säin Engagement.