Gewaltentrennung a Fro gestallt?ADR kritiséiert, François Benoy weist de Virworf zeréck

Monica Camposeo
Jeannot Ries
An engem oppene Bréif un de Chamberpresident geheit d'ADR dem gréngen Deputéierte François Benoy ee méiglechen Interessekonflikt vir.
ADR reprochéiert François Benoy méiglechen Interessekonflikt
Dat, well hien als Deputéierten agéiert, also fir d’Legislative, mä als President vum “Observatoire de l’Environnement” eng Indemnitéit bezitt.

Dat, well de François Benoy als Deputéierten agéiert, also fir d’Legislative, mä a senger Funktioun als President vum “Observatoire de l’Environnement” eng Indemnitéit bezitt. Den Observatoire ass e Gremium, dat dem Ëmweltministère, also der Executive, ënnersteet. Doduerch gesäit d’ADR d’Gewaltentrennung méiglecherweis a Fro gestallt.

De François Benoy weist d’Kritik vu sech. Hien hätt sech schonn, wéi hie nach net Deputéierte war, fir den Ëmweltschutz agesat. Doriwwer eraus gouf den Observatoire de l’Environnement och scho virdrunner vun Deputéierte presidéiert. Zum Beispill hat de Marco Schank de Camille Gira benannt, fir President ze sinn, sot de François Benoy am Interview. Och de Gérard Anzia war President vum Observatoire de l’Environnement. Dowéinst hätt sech fir hie keng Fro gestallt. Hien hätt déi Aarbecht an de leschten dräi Joer gär an aus Iwwerzeegung gemaach. Hie wier als President vum Observatoire och kee Salarié vun der Regierung, huet de François Benoy nach ënnerstrach: “Ech sinn net ofhängeg vun der Regierung, weder finanziell nach soss. Ech gouf op Basis vu menger Expertise do genannt an ech schaffen onofhängeg vun der Regierung an deem Gremium. Grad wéi all déi aner Leit, déi an deem Gremium dra sëtzen. Ech krut eng kleng Opwandsentschiedegung. Dat war fir d’Joer 2020 18,75€, fir d’Joer 2021 waren dat 131,25€.”

ADR geheit Benoy Interessenskonflikt vir / Rep. M. Camposeo

Dat wier vergläichbar mat der Indemnitéit vun enger Chamberssëtzung, esou nach de François Benoy. D’Zomm vu ronn 150€ fir déi zwee Joer Aarbecht beim Observatoire ass der ADR net bekannt gewiescht. Et géing méi ëm d’Transparenz goen, wéi ëm de geneeë Montant, esou de Fernand Kartheiser. Der ADR géing et ëm de Prinzip goen. En Deputéierten ka net Deputéierte sinn, also fir de legislative Pouvoir schaffen, an och gläichzäiteg fir d’Regierung, den exekutive Pouvoir. D’ADR baséiert sech heifir op den Artikel 58 vun der Verfassung, dee seet, dass en Deputéierten net méi dierf siegéieren, wann en en Emploi salarié vun der Regierung unhëlt.

Et wier natierlech Interpretatiounssaach, ob et sech an dësem Fall ëm e Salaire handelt, huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser nach dobäi gesot. Ma genee dofir hätt een de Chamberbüro mat där Fro saiséiert. Dem Chamberpresident ze schreiwen, fir eppes klären ze loossen, stéing allen Deputéierten zou, erkläert de Fernand Etgen. Zu der gewielter Form par contre sot hien: “Mä fir dat awer direkt iwwert de Wee vun enger oppener, ëffentlecher Fro ze maachen, ass e politesche Stil, deen de Risiko vun enger Virveruerteelung vun engem aneren Deputéierte mat sech zitt an et ass dofir awer och e schlechte politesche Stil.”

De Fernand Etgen huet RTL géintiwwer gesot, et wier senger Meenung no net gutt, wann esou Affären ze vill thematiséiert ginn. D’Deputéiert sollte sech net géigesäiteg attackéieren, vill méi sollt de Ball gespillt ginn, an net de Mann.

Extrait Fernand Etgen

Eng aner Méiglechkeet wier gewiescht, fir den Comité Consultatif fir d’Conduite vun den Deputéierte mat der Affär ze befaassen.

Elo wäert de Chamberpresident déi Fro analyséieren an de Büro an der nächster Sëtzung domadder saiséieren.

D’Mandat vum François Benoy leeft nach dëst Joer aus an hien hätt vun Ufank u scho gesot, dass et bei deenen 3 Joer soll bleiwen an dass hien net fir e weidert Mandat zur Verfügung stéing. Sollt d’Chamber decidéieren, dass en Interessekonflikt besteet, géing de gréngen Deputéierte säi Mandat als President direkt ofginn, sot de François Benoy nach.

Back to Top
CIM LOGO