
Aus gesondheetleche Grënn war de Gemengepapp ewell virun 3 Joer vu sengem Posten un der Spëtzt vun der klenger Nordgemeng zeréckgetrueden, deen du vum Christiane Thommes iwwerholl gi war, déi aktuell och Buergermeeschtesch ass.
De Marco Assa gouf 1999 an de Conseil zu Wal gewielt, war vun 2005 un den 2. Schäffen an zanter 2011 du Buergermeeschter vun der Gemeng Wal.
De Familljepapp hannerléisst eng Fra an zwee Kanner.