Soirée de l'agricultureFréiere Landwirtschaftsminister Fernand Boden fir Liewenswierk ausgezeechent

RTL Lëtzebuerg
De fréieren CSV-Landwirtschaftsminister Fernand Boden gouf en Donneschdegowend op der zweeter Soirée de l'agriculture fir säi Liewenswierk ausgezeechent.
© Dany Rasqué / RTL

Virun zwee Joer huet d’Wochenzeitung “de Lëtzebuerger Bauer” dës Initiative lancéiert. Am Ofstand vun zwee Joer ginn déi Leit gefeiert, déi sech besonnesch fir d’Landwirtschaft engagéieren oder engagéiert hunn.

De Fernand Boden war wärend 14 Joer Lëtzebuerger Landwirtschaftsminister. 1995 ass hien neie Chef am Landwirtschaftsministère ginn an dat war hie bis 2009. Eng Zäit, déi vu ville Problemer markéiert war, huet sech de laangjärege President vun der Bauerenzentral Marc Fisch a senger Laudatio erënnert. Zum Beispill vun der BSE-Kris:

Eng ganz schlëmm Kris, déi d’Landwirtschaft enorm getraff huet, déi d’Marchéen duerchernee geheit huet, wou ganz vill huet misse versicht ginn, fir datt mer et fäerdeg bréngen, d’Konsumenten ze berouegen an d’Landwirtschaft op deem richtege Wee ze behalen, a fir datt se keng Suen hei sollte mat bäileeën.

En aneren Dauerbrenner zu der Zäit vum Fernand Boden waren d’Mëllechquoten an hien erënnert sech drun, datt een als Landwirtschaftsminister net just heiheem huet misse schaffen, mä datt d’Musek am Fong op europäeschem Plang gespillt huet. Hien hätt ëmmer probéiert, seng Dossiere besser ze kennen wéi all déi aner, mä de Laureat vun dësem Joer war och dacks nach toppfit, wann anerer scho midd waren:

“Besonnesch wann et ëm d’Wurscht geet, zum Schluss bei de Verhandlungen, dat ass traditionell ëmmer owes ganz spéit gewiescht. Da sinn nëmme méi d’Ministeren do an all déi aner sinn net méi zougelooss, an dann ass d’Kenntnis vun den Dossieren an d’Sachkenntnis heiansdo ausschlaggebend. Dobäi ass och nach komm, datt ech e Sportsmann sinn, an datt ech eng gutt Konditioun hat. Dat heescht um 3 oder 4 Auer sinn der vill midd ginn. Ech hu versicht, dann de Match ze maachen an ech hunn och, mengen ech, heiansdo am leschten Ament eppes fir Lëtzebuerg konnten erausschloen.”

Engem deem déi Konditioun och nogesot gëtt, ass den designéierten Agrarkommissär Christophe Hansen, deen hofft, datt hie geschwë kann ufänke mat schaffen, fir seng grouss Prioritéiten ëmzesetzen:

“Déi nei Generatioun un d’Landwirtschaft eruféieren, fir datt et och nach Spaass mécht an net just eng Plo ass, fir iwwerhaapt d’Ënner beieneen ze kréien. Dat musse mer fäerdeg bréngen. Mir mussen eis d’Fro stellen, wéi eng Landwirtschaftspolitik 2040 muss ausgesinn, fir datt mer eis Kanner iwwerhaapt nach wéilten an dee Beruff schécken an ech mengen, wa mer dat hikréien, dann hu mer gutt geschafft.”

An da steet de Christophe Hansen méiglecherweis an deenen nächste Joren och op der Lëscht vun de Laureaten op der Soirée de l’agriculture.

Dës Kéier gouf nieft dem Fernand Boden de Journalist Erwan Nonnet ausgezeechent. Donieft goufen et Präisser an de Kategorien “sozialen Engagement”, “ekonomesch Diversifizéierung” an “ekologesch Vitalitéit”. Déi ware fir de Marco Clees, de Felix Miny an de Paul Jungels.

Eng Ruge gouf et dann en Donneschdegowend fir verschidde Memberen aus der parlamentarescher Agrarkommissioun. Vun de 16 Deputéiert, déi do dra sinn, waren der 5 do a 7 Persounen haten et Mol net fir néideg fonnt, op d’Invitatioun z’äntweren.

Back to Top
CIM LOGO