Petitioun an der Chamber debattéiertFrontalieren am Süde misste méi Verkéiersalternative gebuede ginn

Claudia Kollwelter
"D’Strooss tëscht dem franséische Rédange a Bieles dierft net zougemaach ginn, bis Alternativen en place sinn."
Alternative fir Frontalieren am Süden
D’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes huet präziséiert, datt déi concernéiert Strooss, den CR178, net ausgeluecht wier, fir esou vill Transitverkéier.

Dat war d’Fuerderung vun enger Petitioun, déi den néidege Seuil vun Ënnerschrëfte krut. D’Petitioun gouf deemno en Donneschdeg an der Chamber debattéiert.

Honnerte Frontaliere géifen déi Strooss notzen, fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen a wa se, wéi et am nationale Mobilitéitsplang virgesinn ass, zougemaach gëtt, géif ënnert anerem d’Situatioun op der A4 sech nach weider verschlëmmeren.

Donieft hunn d’Petitionären argumentéiert, datt d’Offer vum ëffentlechen Transport net adequat genuch, an dofir keng reell Alternativ fir déi concernéiert Frontaliere wier.

D’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes huet präziséiert, datt déi concernéiert Strooss, den CR178, net ausgeluecht wier, fir esou vill Transitverkéier. Donieft géing et hei och ëm d’Liewensqualitéit vun den Awunner goen. D’Ministesch huet annoncéiert, datt vum 15. Dezember eng fënneft grenziwwerschreidend Buslinn tëscht Thionville, Däitsch-Oth, Belval, Esch a Féiz bäikënnt.

D’Yuriko Backes huet och op Zukunftsprojete verwisen, wéi Buskorridoren oder de séieren Tram. Och wann déi net vun haut op muer en place wieren, géife se d‘Mobilitéit an Zukunft awer grondsätzlech verbessere fir jiddereen.

D’Petitionärinnen hunn iwwerdeems Alternativen ausgeschafft, déi se awer net an der Chamber presentéiert hunn. Dofir gouf nom Debat festgehalen, datt dës den zoustännege Ministèrë solle geschéckt ginn an dann an enger Commission jointe och mat der Groussregioun an der Chamber soll gekuckt ginn, op déi ëmsetzbar sinn.

Back to Top
CIM LOGO