D’Associatioun LIFE fuerdert fir hire “WG-Projet” méi Ënnerstëtzung vu Ministeren a Gemengen.
Wéinst der héijer Demande an de ville Projete bräicht ee méi Personal an dofir géifen déi finanziell Moyenen aktuell feelen, wéi déi Responsabel en Dënschdeg de Moien op enger Pressekonferenz däitlech gemaach hunn.
Viru fënnef Joer gouf de Projet an d’Liewe geruff. Dat virun allem fir d‘Gestion Locative Sociale vu sougenannte Wunngemeinschaften. Haiser, déi d’Associatioun lount, fir aktuell u ronn 300 Locataire weider ze verlounen. Zwee Drëttel dovu si Leit, déi international Protektioun zu Lëtzebuerg accordéiert kruten.
10 Mataarbechter vun der Asbl, dovun awer nëmmen zwou haaptberufflech, géife bei der der Gestioun vun deene WGen un hir Grenze stoussen, bedauert de Gary Diderich vun der LIFE asbl.
Nei Haaptaktivitéit vun der Associatioun ass, abordabele Wunnraum an Haiser ze verlounen, déi se selwer kaaft an am beschte Fall och renovéiert huet.
An dräi vun hiren Haiser wunne scho Persounen a WGen. Zwee weider Haiser si prett. Ganzer 17 weiderer wieren der an der Maach. Wéinst der aktueller Situatioun um Wunnengsmaart géife vill Proprietären der asbl hiren Objet proposéieren. Ganz dacks fir aus hiren Iwwergangsprêten erauszekommen, esou de Gary Diderich. An awer wieren d’Banken nach retizent, der Associatioun déi néideg Prêten z’accordéieren.
De WG-Projet ass awer vum Logementsministère konventionéiert. Kritt e Projet fir abordabel Locatioun gréng Luucht, dann iwwerhëlt de Staat engem neie Gesetz no 75 Prozent vum Akafspräis.
D’LIFE asbl mécht deemno den Appell u Ministèren, Gemengen, Banken a Privatleit, hire Projet z’ënnerstëtzen. Vill Leit géife verzweiwelt no Méiglechkeete sichen, abordabel ze lounen. Mat den néidege finanziellen a personelle Moyene kéint de WG-Projet villen hëllefen, do ass de Gary Diderich sech sécher. Ouni weider Mëttelen, misst een dogéint op d’Brems trëppelen.