D'Fuesboke ginn allesFuestraditioun zu Esch wiisst an d'Kavalkad begeeschtert

Tim Morizet
Bloen Himmel, Sonn: fir vill Leit dat perfekte Wieder fir op d'Kavalkad. De Mäerz ass zu Lëtzebuerg bekannt als Kavalkade-Mount.
D'Fuestraditioun zu Esch wiisst an d'Kavalkad begeeschtert
Bloen Himmel, Sonn: fir vill Leit dat perfekte Wieder fir op d’Kavalkad. De Mäerz ass zu Lëtzebuerg bekannt als Kavalkade-Mount.

No Dikrech a Schëffleng war et e Sonndeg dann un der Minettmetropol Esch. D’Traditioun ronderëm d’Fuesent begeeschtert am Süden. An zwar vu Joer zu Joer méi. Kleng a Grouss hunn e Sonndeg zu Esch alles ginn. Haart Musek, eng Schlupp vum gëlle Gold an e bësse Zocker bréngen esou muncher een an de Galopp, respektiv zum Seelsprange mam Lucky Luke. Iwwert de Weekend mutéiert Esch zur Stad vun de Fuesboken, esou de Pedro Oliveira vum Syndicat d’Initiative vun Esch: “Esch ass eng ganz grouss Fuesstad. Mir hunn dëst Joer e ganz schéine Programm gehat iwwer véier Deeg. An haut ass den Ofschloss mat eiser 24. Kavalkad.”

Tëscht 20.000 an 30.000 Leit zitt et all Joers fir d’Kavalkad op Esch. Mam gudde Wieder gëtt sech fir dëst Joer en neie Rekord erwaart. Och d’Zuel vun de Participante klëmmt. “Mir hunn dëst Joer e Rekordjoer”, erkläert de Pedro Oliveira. “Mir waren ëmmer stabil bei 60, mee dëst Joer si mer am ganze bei 68 Participanten.”
Konfetti. Extravagant Kostümer. D’Amerikaner verdeelen haut keng Strof-Taxen, mee Kamellen. Faarweg Vullen. Dänzer. Knall-Rosa Barbien. Eng ganz Ekipp u Sushi-Käch an net ze vergiessen: wëll Cowboyen. Vun allem ass dobäi.

6 grouss Kavalkade ginn et zu Lëtzebuerg. Waasserbëlleg, Péiteng a Réimech stinn nach virun der Dier. Also op d’mannst nach dräimol e gudde Grond, fir dëse Wanter nach uerdentlech ze feieren.

Back to Top
CIM LOGO