Stater ConseilGaasperecher Park gëtt 4 Milliounen Euro méi deier wéi geduecht

Monique Kater
Um Knuedler stoungen e Méindeg d'Finanzen am Mëttelpunkt. Eng Partie Devisen hu musse guttgeheescht ginn.
Gaasperecher Park gëtt 4 Milliounen Euro méi deier wéi geduecht
Um Knuedler stoungen e Méindeg d’Finanzen am Mëttelpunkt. Eng Partie Devisen hu musse guttgeheescht ginn.

Sief et an engem 1. Vott, sief et well se wéinst Imprevuen um Chantier depasséiert goufen. Sou léisst d’Stad sech eng provisoresch Sportshal zu Dummeldeng 8 Millioune kaschten, bei engem spezielle Kaddo ginn 12 Milliounen dropgeluecht an de Gaasperecher Park gëtt carrement 4 Millioune méi deier wéi geduecht. Mam Gaasperecher Park kann all Conseiller liewen, d’Leit kéinte sech hiert Gaasperech ouni Park guer net virstellen, soen déi Greng, déi sech awer froen, firwat een net éischter iwwer de Méi u Käschten informéiert gi wier.

Domat klëmmt den Devis op ronn 20 Milliounen. Wat war dann elo do net virauszegesinn, gouf gefrot? Ma de Präis vum Baumaterial zum Beispill. Dat anert wieren eben Aarbechten, déi een net hätt kënne virausgesinn.

De Schäffe Maurice Bauer nennt de Park um Ban de Gasperich eng Gréng Long vun der Stad; d’Depassement vum Käschtepunkt wier net exzeptionell. Als Privatpersoun kéint dat engem bei engem Chantier och geschéien.

Aus dem ale Roudemerhaff gëtt da bis de 27. Mee eng Ferme pédagogique fir Stater Kanner. Nee, e läit net op Stater Territoire, mee zu Eescheler an der Gemeng Jonglënster. Dat hei ass eng Donatioun vu Privat un d’Gemeng, mat der Oplag eben, aus dem Haff aus dem 18. Joerhonnert a senge ronn 4 Hektar Land, e sozial-sënnvolle Projet fir Kanner ze maachen. Minimum 12 an eng hallef Millioune soll den Ëm-, a Bäibau vum Kaddo kaschten.

D’Kanner sollten net nëmmen d’Natur, mee och d’Geschicht kenneléieren, präziséiert de Schäffe Paul Galles.

Dummeldeng brauch dann onbedéngt eng Iwwergangssportshal, bis dee grousse Schoul- a Sportkomplex am Quartier fäerdeg ass. Ob deen dann dono effektiv nees ofgerappt géif, froe sech d’Conseilleren. Et kascht ëmmerhin 8 Milliounen - bis elo mol - ma dat geséich een da spéider, sou déi zoustänneg Schäffen.

Back to Top
CIM LOGO