Zwee Fäll zu SteebréckenGedronk an ze séier oder gedronk an ze midd? Police huet zwee Permisen agezunn

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt zwou komplett verschidde Situatioune mat zwee Automobilisten, déi ze vill gedronk haten
© Laurent Weber

An an ëm Steebrécken haten d’Beamte vun der Police an der Nuecht op e Freideg méi ze dinn. Eng éischte Kéier ware si op der Bensinnsstatioun am Asaz, well do en Auto stoung, bei deem de Moto gelaf war. De Chauffer souz hannert dem Steierrad, huet awer do geschlof. D’Beamten hunn hien erwächt an en Alkoholtest duerchgefouert. Dëse war positiv an dowéinst war de Permis och fort.

En zweete Chauffer war opgefall, well dëse vill ze séier ënnerwee war. Hie gouf ugehalen a kontrolléiert an och hei war den Alkoholkonsum däitlech z’erkennen. Nodeem en Test dat confirméiert huet, war de Permis fort.

Back to Top
CIM LOGO