Äntwert op parlamentaresch FroGeimpfter mussen awer nach a Quarantän no Kontakt mat Corona-Infizéierten

RTL Lëtzebuerg
Dat erkläert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op zwou parlamentaresch Froen.

18% vun der Populatioun wiere bis ewell ganz geimpft.

Deemno kéint de Virus nach ze einfach op net-geimpfte Leit falen an nei Infektiounsketten ausléisen. Dat wier och eng Gefor fir déi ganz vulnerabel Populatiounsgruppen, wéi zum Beispill eeler Leit, bei deenen de Vaccin keng grad esou eng staark Protektioun developpéiert.

Deemno sollen d'Quarantän-Reegelen eréischt adaptéiert ginn, wann e groussen Deel vun der Populatioun komplett geimpft ass.

PDF: Äntwert vun der Ministesch Paulette Lenert

Back to Top
CIM LOGO