Wéinst Stéierung vu WaasserquellGemeng Schëtter rifft Bierger op, Leitungswaasser ofzekachen

RTL Lëtzebuerg
Wéi um Site vun der Gemeng ze liesen ass, kéint d'Leitungswaasser op ville Plaze vun der Gemeng dréif ausgesinn.
© AFP

Fir all méigleche Risiko ze vermeiden, rifft d’Gemeng d’Bierger op, fir d’Leitungswaasser op d’mannst zwou Minutten ofzekachen, éier een et consomméiert oder fir d’Zoubereedung vun Iesswueren hëlt. Liewensmëttel, wéi Uebst a Geméis, soll een dann och net mat Leitungswaasser wäschen.

Weider heescht et um Site vun der Gemeng, datt de Laboratoire weiderhin d’Analys vun der Qualitéit vum Drénkwaasser mécht a permanent am Kontakt mat den Autoritéite steet.

Back to Top
CIM LOGO