De Generalsekretär vum internationale Roude Kräiz war dës Woch op Visitt am Grand-Duché. Zesumme mam Lëtzebuerger Roude Kräiz huet ee gekuckt, wéi een d’Zesummenaarbecht an Zukunft weider ausbauen a verbessere kann. Do dernieft stoung och eng Entrevue mam Kooperatiounsminister Franz Fayot um Programm.
D’Lëtzebuerger Croix Rouge ass ënnert anerem responsabel fir d’Gestioun vun der Shelter Unitéit, déi fir d’Recherche (scientifique) am Beräich vum Baue vu ‘Wunnungen’ am Katastrophefall zoustänneg ass. Mam Ressort-Minister Franz Fayot gouf bei der Visitt ënnert anerem iwwer séier Mesuren an Noutfall-Situatioune geschwat.
“Mir hunn den Noutfall-Fong fir Asätz bei Katastrophen, dee Fong ka bannent e puer Stonnen no enger Katastroph deblockéiert ginn. Lëtzebuerg huet dëse Fong ëmmer ënnerstëtzt. E weidert Thema dat mir ugeschwat hunn, ass d’Digitaliséierung. Ech war iwwerrascht, wéi wäit Lëtzebuerg do schonn ass. An den nächste Méint wëlle mir kucken, op wéi eng Aart a Weis Lëtzebuerg d’Rout Kräiz mat dësem Know-How ënnerstëtze kann”, esou de Jagan Chapagain.
Aktuell wär ee mat villen ënnerschiddleche Krise confrontéiert. De Krich an der Ukrain, Hongersnout an Afrika, déi prekär Situatioun an Afghanistan, Syrien an dem Sudan. Dobäi kënnt nach d’Klimakris. Keng aner Kris géing dem Roude Kräiz den Ament méi Suerge maachen, seet de Generalsekretär.
“De Grond firwat mir d’Klimakris als Haaptprioritéit gesinn, esou de Jagan Chapagain, ass d’Tatsaach, datt de Klimawandel all Aspekt vum mënschleche Liewen impaktéiert. D’Klimakris huet en Impakt op d’Liewensmëttelproduktioun, op d’Gesondheet op d’Drénkwaasser. Wa Ressource feelen, ass dat dacks den Ausléiser fir Konflikter. An dowéinst ass d’Klimakris déi Kris, déi déi gréisste Konsequenze fir de Mënsch an de Planéit huet.”
D’Klimachangementer wären och ee vun den Ausléiser vun der Flüchtlingskris. Et wär een zënter Jore mat enger Situatioun konfrontéiert, déi vill Engagement, vill Ressourcen, a vill Opmierksamkeet brauch.