Luxlait wier déi bescht Pist no Aus bei EKABEBetraffe Bauere weise sech optimistesch bei Sich no neier Molkerei

Fanny Kinsch
Virun engem Mount kruten 68 Baueren iwwerraschend d'Nouvelle, datt d'EKABE hir Mëllech vu Mäerz nächstem Joer un net méi keeft.
© René Pfeiffer

Betraffe Baueren optimistesch bei Sich no neier Molkerei / Rep. F. Kinsch

D'Luxlait wier déi bescht Pist, soen d'Baueren, déi virun engem Mount iwwerraschend déi schlecht Nouvelle kruten, datt d'EKABE hir Mëllech an Zukunft net méi ofhëlt. Si sinn aktuell awer och a Gespréicher mat anere Molkereien. D'Baueren an och d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen sinn optimistesch.
 
Et wier ee gudder Déng, seet de Vic Wirtz, President vun der Mëllechbaueregenossenschaft Prolek. Déi 68 Bauere wëllen op alle Fall zesummen iwwerholl ginn – an do géing een elo Perspektive gesinn.
 
"D'Luxlait huet eis matgedeelt, datt si keng Léisung fir eis hätten, mee bereet sinn, d'Dier opzemaachen, fir mat eis zesummen eng Léisung ze sichen. An dat ass e ganz grousse Signal. An dofir si mer och ganz dankbar."

D'Prolek huet awer och nach aner Gespréicher, dorënner mat der Molkerei Hochwald, och hei zu Lëtzebuerg.

D'CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen ass zouversiichtlech, datt eng Léisung fonnt gëtt, wéi si e Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun sot.
 
"De Ministère ka sech net a Verhandlungen amëschen, dat ass och kloer, mir kënnen net mat deem engen oder anere verhandelen, mir kënnen hëllefen."
 
Déi Hëllef géing zum Beispill dora bestoen, datt de Ministère elo eng Etude de Marché mécht, fir wéi eng Mëllechproduiten et eng Demande gëtt. D'Oppositiounspolitikerinne vun LSAP an déi gréng hätte sech e bësse méi erwaart.
 
"Ech denken, dass een zousätzlech nach kann Efforte maachen, fir ze kucken, fir se nach méi ze ënnerstëtzen a Richtung Diversifikatioun a kucken, hei zu Lëtzebuerg d'Ofsätzméiglechkeeten an och d'Veraarbechtungsetappen nach weider ze ënnerstëtzen." "Et ass awer wichteg, dass ee sech awer fir d'Zukunft och Gedanken an Iwwerleeunge mécht, wéi ee sech wëll nohalteg opstellen an dass d'Betriber am Fong net méi sou ofhängeg si vun esou Multikonzernen", esou d'Joëlle Welfring vun déi gréng an d'Claire Delcourt vun der LSAP.

D'Prolek-Bauere fuerderen an deem Sënn, dass méi Plus-value vun der Mëllech hei am Land geschaaft gëtt, och fir den Export, esou de Vic Wirtz.
 
"Fir déi lëtzebuergesch Mëllechproduktioun eben ze schütze virun deem globale Mëllechpräis, andeem datt ebe lokal héichwäerteg Produite produzéiert ginn, déi awer kënnen an der ganzer Welt Uklang kënne fannen."
 
Dat wier eng Pist, déi och politesch kéint ënnerstëtzt ginn, esou den CSV-Deputéierten a President vun der Chamber-Landwirtschaftskommissioun Jeff Boonen.
 
"Iwwert d'Agrargesetz gëtt et en Artikel, deen erlaabt, wa Veraarbechtungsindustrien am Beräich vun der Landwirtschaft, sief dat Fleesch, Mëllech oder soss, wëllen investéieren, kënnen déi zum Beispill Bäihëllefe kréie bei Investitiounen. An do huet d'Ministesch lo grad gesot, dass een dru schafft, fir dat vläicht do erauszehuelen a schonn éischter fäerdeg ze hunn, dat Gesetz fir ebe Lëtzebuerger Industrien ze ënnerstëtzen, déi Liewensmëttel verschaffen."
 
Virun engem Mount kruten 68 Baueren iwwerraschend d'Nouvelle, datt d'EKABE hir Mëllech vu Mäerz nächstem Joer un net méi keeft. Elo weisen d'Betriber an de Ministère sech optimistesch, datt eng Léisung wäert fonnt ginn.


Weider Artikele zu dësem Sujet

Back to Top
CIM LOGO