
Et ass, wéi wann et gëschter geschitt wier: 2019 gouf a Frankräich eng Fra “schëlleg” gesprach, well si sech jorelaang geweigert hat, mat hirem Mann eng sexuell Bezéiung ze hunn. Doropshin hat de Mann d’Scheedung zougesprach kritt, wéinst dem exklusive Feelverhale vu senger Fra. D’Fra musst bis op den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter goen, fir dass Frankräich am Joer 2025 verurteelt gouf.
D’Land vun der Opklärung (vun de Lumièren) hat also weiderhin um Rechtsprinzip aus dem Joer 1804 (!) festgehalen. Mam Code Napoléon gouf den Devoir conjugal (Verflichtung, Sex am Bestietnis ze hunn) eng éischt Kéier an de Gesetzestext opgeholl. Awer natierlech gouf et dës “Kopulatiounsflicht” scho laang virdrun. Se gouf virun allem vun der Kierch ënnerstëtzt, déi doran e Moyen gesinn hat, d’Versuchung vun der Sënn (Friemgoen asw.) a vun aneren illegitimmen Handlungen ze vermeiden...
Joerhonnertelaang haten d’Fraen, déi haaptsächlech betraff waren, nëmme seelen eppes ze soen. An dat souguer an enger Zäit, déi net allze wäit ewech läit, wéi dëse Video aus den 80er-Jore weist:
Virun e puer Deeg hunn d’franséisch Deputéiert awer endlech fir Kloerheet gesuergt: Si hunn eestëmmeg e Gesetz votéiert, dat festleet, dass et an engem Bestietnis keng Verflichtung fir sexuell Handlunge gëtt. De Gesetzesentworf muss elo nach am Senat duerchgeholl ginn, an d’Auteuren hoffen, dass e virum Summer 2026 gestëmmt gëtt.
Awer och wa Frankräich d’Kapitel vum Devoir conjugal, also der Verflichtung, Sex am Bestietnis ze hunn, ofschléisst, gëtt et en/se dann nach am Nopeschland Lëtzebuerg?
D’Äntwert ass einfach: Nee! Dat aktuellt lëtzebuergescht Recht schléisst all sexuell Verflichtung am Bestietnis aus. “Zu Lëtzebuerg gouf de Begrëff ‘Devoir conjugal’ ni ënnert dëser spezifescher Bezeechnung am Gesetz verankert”. “An awer huet d’Entwécklung vum Droit pénal no an no all Iddi vun enger sexueller Verflichtung an engem Bestietnis mam lëtzebuergesche Recht inkompatibel gemaach”, huet d’Justizverwaltung matgedeelt.
Besonnesch d’Gesetz vum 7. August 2023 huet de Begrëff vun der sexueller Zoustëmmung (Consentement sexuel) gekläert, “déi fräi an ausdrécklech si muss, net aus dem Feele vu Widderstand ofgeleet gi kann an zu all Moment widderruff gi kann”. Mat anere Wierder: D’Zoustëmmung ass eng absolutt Reegel bei all Geschlechtsakt, och an enger Partnerschaft.
D’Episod “La question X” vun RTL Infos iwwer d’Zoustëmmung mat der Sexologin Laura Hendriks:
Wa keng Zoustëmmung virläit, handelt et sech ëm eng Vergewaltegung, wéi schonn an engem richtungsweisenden Urteel aus dem Joer 1994 festgestallt gouf: “Et gëtt am Moment unerkannt, dass d’Vergewaltegung tëscht bestuete Leit genee esou strofbar ass wéi eng Vergewaltegung, déi den Täter géintiwwer enger Persoun begeet, mat där hien net duerch matrimonial Liene verbonnen ass.” Vergewaltegung gëtt mat enger Prisongsstrof vu fënnef bis zéng Joer bestrooft, awer d’Strof gëtt méi schlëmm, “wann d’Affer vun der Vergewaltegung de bestuete Conjoint oder de gescheete Conjoint ass, d’Persoun, mat där den Täter gewéinlech zesummelieft oder zesummegelieft huet”, sou d’Justizverwaltung weider.
Zënter dem 1. November 2018 gëtt et zu Lëtzebuerg keng Scheedung opgrond vu Feeler méi. An dat ännert alles! Well “dat bedeit, dass de Riichter sech net méi mam Friemgoen, Verflichtung zu Sex an engem Bestietnis oder mat dem Intimliewe vun der Koppel befaasse muss. Dat ass eriwwer. Wann ee sech virum Riichter presentéiert, schwätzt een einfach doriwwer, wéi een d’Suergerecht fir d’Kanner, den Ënnerhalt an, am Fall wou, d’Opléise vum Verméigen organiséiert, a soss näischt”, faasst d’Maître Nadia Chouhad, Avocate à la Cour a Managing Partner bei NC Advocat, d’Situatioun zesummen.

De Justizministère schränkt an: “Obwuel den Devoir de fidélité (Flicht, trei ze bleiwen) ëmmer nach e weesentlecht Element vum Bestietnis ass a säi/hiert Bäibehale kohärent bleift, spillt en/se am Scheedungsfall keng Roll méi, an den Devoir conugal huet zënter 2018 weeder op d’Ursaach nach op d’Konsequenze vun enger Scheedung Afloss”.
Dass eng Scheedung wéinst Feelverhalen ofgeschaaft gouf, huet d’Aarbecht vun der Justiz vereinfacht: “Well virun der Reform hu sech Scheedungsfäll wéinst Feelverhalen higezunn, immens laang. Well et huet ee Geschichte vu Bedruch oder Verloosse vun der Wunneng betruecht, et huet een op emotionalem Terrain agéiert, wou Leit een um Napp haten. An d’Scheedung konnt Joren daueren”, erënnert sech d’Mâitre Chouhad.
Haut geet alles vill méi séier: “Tëscht dem Zäitpunkt, un deem een eng Demande op Scheedung areecht, an der Unhéierung an dem Moment, wou d’Scheedung gesprach gëtt, kënne just zwee Méint vergoen. Ech hat eréischt kierzlech nees e Fall”, huet d’Affekotin konstatéiert.
Kuerz gesot, aus juristescher Siicht ass et kloer: Intimitéit oder iergendwellech Flichten am Bestietnis hu viru Geriicht keng Plaz méi. Dat bedeit awer net, dass Sex am Bestietnis kulturell oder moralesch keng Bedeitung huet. Ganz am Géigendeel!
Et wäert ëmmer Leit ginn, déi sech “gezwonge fillen”, mat hirem Partner / hirer Partnerin ze schlofen. Dat trëfft zwar éischter op déi konservatiivst a reliéist Bevëlkerungsgruppen zou, awer “sexuellen Zwang kann an alle sozialen a kulturelle Milieue virkommen”, nuancéiert d’Laura Hendriks.

D’Sexologin vu Lëtzebuerg huet dat schonn dacks materlieft. Virun allem bei Fraen, déi sech arieden, dass “et an enger Partnerschaft normal ass, sech ze zwéngen”, dass “d’Wuel vun der Koppel iwwer mengem perséinleche Wuel stoe muss” an dass “ech egoistesch sinn, wann ech mech weigeren”.
“Dës Iwwerzeegunge sinn an der Reegel Ausdrock vun engem Mangel vun affektiver a sexueller Educatioun, besonnesch wat d’Fro vun der Zoustëmmung ugeet. Et geet net drëms, Scholdgefiller ervirzeruffen, mee dorëms, un e Grondprinzip vun der mënschlecher Integritéit ze erënneren: Verlaange kann een net erzwéngen, et muss een et opbauen an an enger Bezéiung deelen, déi op Géigesäitegkeet berout. Dat setzt viraus, dass ee kapabel ass, d’Leed an d’Besoine vu jidderengem ze erkennen”.
Well wann d’sexuell Besoinen an enger Partnerschaft net befriddegt ginn, “kann e Leed entstoen. Dëst Leed verdéngt et, unerkannt ze ginn, ouni als blouss Frustratioun duergestallt ze ginn. Sexualitéit ass net just e kierperlechen Akt: Se beréiert d’Zouneigung, d’Selbstwäertgefill”.

Bedeit dat, dass ee mat enger Bezéiung schlussmaache kann, well ee kee Sex huet? “Jo. Et ass wichteg, ze erkennen, dass et sech heibäi ëm e legitimt Recht handelt. Schluss ze maachen, well e Grondbesoin net méi gestëllt gëtt, ass näischt Uewerflächleches oder eng Schimmt. Problematesch gëtt et awer, wann een net geet, mee wann ee fuerdert, drot, zwéngt oder bestrooft. Ze verloossen ass heiansdo déi méi respektvoll Entscheedung wéi an enger Bezéiung ze bleiwen, déi no an no vu Ressentimenter duerchdronge gëtt”.
Virsiicht ass och gebueden, well “Sexualitéit besonnesch ufälleg fir Manipulatioun ass, well se d’Intimsphär an de perséinleche Wäert beréiert”. En Erpressungsmëttel, dat souwuel Männer wéi Fraen ze mëssbrauche wëssen: “Munch Männer kënne mat enger Trennung droen, wann et kee Sex méi gëtt, an indirekt mat engem finanzielle Risiko spillen, deen op d’Partnerin iwwergoe kéint”. Och kënne Fraen Drock a Bezuch op d’Suergerecht fir d’Kanner oder op d’familiär Konsequenze vun enger Trennung ausüben, obwuel si net de Wonsch hunn, eppes un der sexueller Dynamik vun der Koppel ze änneren.”
Zesummefaassend léisst sech soen, dass “een eng Koppel net schützt, andeem ee Sex opzwéngt, mee andeem ee gläichzäiteg d’Recht op Zoustëmmung, d’Recht op Besoinen an d’Recht ze goen, schützt”, wéi d’Sexologin feststellt.