Encadrement vu Kanner mat spezifesche BesoinenGewerkschaft vum Léierpersonal kritiséiert Léisungsvirschléi vum Observatoire

RTL Lëtzebuerg
Den Observatoire national de l’enfance ernimmt ee vun de wichtegste Problemer an der Schoul am Moment net, esou d'Kritik vum SNE.
© René Pfeiffer (RTL Archiv)

Soulaang keng konkret Mesurë vum Educatiounsministère geholl ginn, wat den Encadrement vun Kanner mat spezifesche Besoine betrëfft, ännert sech näischt un der schlechter Situatioun fir d’Enseignanten. Dat betount d’Gewerkschaft SNE/CGFP e Méindeg an engem Schreiwes. Hannergrond si rezent Rapporten iwwert d’Wuelbefannen an de Schoule vum Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire déi beleeën, datt de Stresslevel bei den Enseignanten extrem héich ass.

D’Léisungsvirschléi vum Observatoire ginn dem SNE no awer net wäit genuch a géife just op d’Responsabilitéit vun den Enseignantë pochen, amplaz de System allgemeng a Fro ze stellen. De Faite, datt d’Prise en charge vun Kanner mat spezifesche Besoine guer net ernimmt gëtt, wier eng riicht an d’Gesiicht fir d’Enseignanten a géif weisen, wéi wäit den Observatoire fort vun der Realitéit um Terrain an dem Alldag vun den Enseignanten ass, esou d’Kritik vun der Gewerkschaft.

PDF: D'Schreiwes vum SNE

Back to Top
CIM LOGO