
D’Gewerkschaften aus dem Bankesecteur denoncéiere verstoppten Entloossungen a weisen notamment mam Fanger op d’Lëtzebuerger Filial vun der Bank JP. Morgan SE. Dës géing mat Methode schaffen, déi Froe vun Ethik a sozialer Responsabilitéit opwerfen, schreiwen LCGB, ALEBA an OGBL an engem gemeinsame Communiqué.
Et géingen Aktivitéiten ausgelagert ginn an da versicht ginn, d’Employéë mat schappegen Indemnitéiten ofzespeisen.
Iwwert dëse Wee wéilt d’Bank e Sozialplang evitéieren, dee si vill méi deier géing ginn. Dëst wier e Manktem u Respekt vis-à-vis vum Personal.
D’Entloossung soll de leschte Moyen bleiwen a wann et net anescht geet, da soll de sozialen a finanziellen Impakt fir d’Mataarbechter limitéiert ginn.