
Am Ganze goufen 203 Gefierer kontrolléiert. Am Viséier stoung den illegalen Transfert vun Offall.
Op Lëtzebuerger Säit krute 7 Chauffeuren eng Amende vun 250 Euro, well se keng Autorisatioun haten, fir Offall ze transportéierten. Op franséischer Säit krut ee Chauffeur eng Amende vun 150 Euro. D’Gefierer hunn haaptsächlech Bauschutt, Kartong, elektresch Kabelen oder Metall transportéiert.