
Vum 1. Januar d’nächst Joer u kéinten zu Lëtzebuerg vill méi streng Reegele fir Restaurante gëllen, wat d’Verpackungen ugeet. Et steet am Raum, datt vun deem Datum u just nach Mehrweg-Verpackungen erlaabt wäerte sinn. Dat betrëfft natierlech net nëmmen awer zum Beispill och Pizzaen. D’Intressevertriedung vun de Restaurateure schléit Alarm, de Secteur wier guer net op dee Zenario preparéiert, esou de Claude Ries, Formateur bei der HORESCA.
“Wa mer lo musse Behälter hunn, déi ee muss zeréckdroen, rëm spullen a rëm verwäerten, ech mengen net, datt mer do haut bereet wären, dat alles matzemaachen. Op der anerer Säit ass fir déi Behälter, wann ee geliwwert gëtt mat enger Pizza, fir déi ze transportéieren, dat géing och nach eventuell goen, mee wéi komme se zréck?”
Méi schlecht Qualitéit duerch Plastikskëschten
Aktuell gi Pizzaen a Kartrongskëschte geliwwert, déi een an der bloer Tonn, respektiv de Buedem wéinst de Fettreschter am Restmüll entsuerge soll. Wat d’Mehrweg-Alternativ ugeet, wier dës net just mat méi Opwand verbonnen, mee hätt och nach negativ Auswierkungen op d’Qualitéit vum Iessen.
“Also bei de Pizzaen, wa mer do lo bleiwen, gëtt et just Plastikskëschten. Ech weess awer aus Erfarung, mir hunn do och getest, eng Pizza, déi waarm an eng Këscht kënnt, déi kënnt jo aus dem waarmen Uewen, déi dënst aus, déi ass zimmlech fetteg wéinst dem Kéis an dat ass schonn eng zimmlech latscheg Affär. Beim Kartrong ass de Virdeel, deen huet absorbéiert, wat hei jo guer net de Fall ass.”
Horecasecteur fillt sech benodeelegt
Bei der HORESCA stéisst ee sech virun allem dorunner, datt just d’Restauranten an net och d’Supermarchéë vun deene méi strenge Reegele betraff solle sinn. Dat wier eng Concurrence déloyale, déi en plus nach guer kee Sënn maache géing.
“Ech mengen eise Secteur keeft ëmmer méi lokal an. Lëtzebuerger Produiten, och fir op d’Pizza ze maachen. An datt dann een industrialiséierte Produit, am Fong en virverpaakte Pizza, déi vun Hott an Har kënnt a guer net aus dem Land ass, datt déi favoriséiert gëtt an déi duerf nach ëmmer an enger Einweg-Verpackung verkaaft ginn, dat ass fir mech net logesch.”
Problem fir Foodtrucken
Och am Horecasecteur selwer kéim et zu Benodeelegunge vu spezifesche Betriber, zum Beispill Foodtrucken, déi guer keng oder just eng kleng Spullmaschinn hunn.
“Si wieren op een externe System ugewisen. Et sinn der e puer, déi sou lues a lues kommen. Mee ass de Konsument bereet, déi Systemer och ze akzeptéieren, eng App op den Handy ze maachen an all dat ze geréieren an ëmmer ze assuréieren, datt d’Behälter spéitstens an zwou Woche rëm zréck sinn? Och wa mir ee klengt Land sinn, funktionéiert dat nach net Honnertprozenteg.”
Hie géing d’Gefor gesinn, datt eng Partie Betriber, déi souwisou schonn ënnert den héije Käschten, virun allem um Niveau vum Personal, ze leiden hätten, hier Dieren zoumaache kéinten. Anerer kéinten aner Weeër aschloen.
Lëtzebuerg soll sech op EU-Direktiv beschränken
“Déi méi kämpferesch sinn a probéieren iergendeng Tëschendier ze fannen, fir eng Alternativ ze fannen. Dat gesäit een och e bëssi, Automaten, déi do baussen entstinn, do däerf ee jo virverpaakte Pizzae rëm dramaachen, déi si jo da rëm net betraff. Ech soen ëmmer iwwerspëtzt, fänke mer lo u virun eis Pizzeriaen een Automat ze setzen, fir datt mer weider kënne maachen? Et wier traureg, wann et sou wier.”
Bei der HORESCA géing ee sech wënschen, datt Lëtzebuerg sech op d’EU-Direktiv beschränke géing, déi eng Mehrweg-Alternativ virgesäit. De 15. Oktober komme Vertrieder vum Ëmweltministère a vun der HORESCA op en Neits fir Berodunge beieneen.