Stater MaartGinn d'Geschäfter méi lues?

Anne Wolff
Serge Pauly
D'Maart-Saison ass un. Ma fir deen een oder anere Marchand ass déi um Knuedler e bësse méi lues ugelaf.
Stater Maart zeréck um Knuedler
D’Maart-Saison ass un. Ma fir deen een oder anere Marchand ass déi um Knuedler e bësse méi lues ugelaf.

Bei de Grënn dofir ginn d’Meenungen awer wéi et schéngt auserneen. Mir waren e Mëttwochmoien um Knuedler ënnerwee, fir eis e Bild ze maachen.

Ëm kuerz virun 8 ass d’Sylvie Clees amgaangen, Geméis an Uebst um Stand z’arrangéieren. Bis 10 Auer stellt d’Sekretärin vum Maarteverband sech op en éischter rouege Moien an. Zanter deem een erëm um Knuedler wier, géif de Passage vum Tram an de Leit aus dem Büro ewechfalen. Zwar wier et net wäit vum Hamilus bis op de Knuedler, mee wien net vill Zäit hätt, géif déi 20 Minutten hin an zeréck net op sech huelen.

D’Sylvie Clees am Interview mam Anne Wolff

Si relativiséiert awer: dramatesch wier et net, a si géing och nach ëmmer gären op de Maart kommen. Ausserdeem hätte sech och 10 nei Stänn ugemellt, esou dass d’Offer gutt wier. D’Sylvie Clees proposéiert awer méi Reklamm um Hamilius, fir d’Clientèle op de Knuedler ze zéien.

Änlech gesäit dat och d’Bäckerei-Verkeeferin Karin Feider. Si constatéiert e richtegen Abroch um Mëttwoch: “Seit wir mittwochs wieder hier auf dem Platz sind, haben wir einen guten Teil weniger Umsatz; bis zu einem Drittel weniger”.

Op der anerer Säit soen eis verschidden Händler, déi Debatt wier iwwerdriwwen. Et hätt een d’Méint um Aldringer notze missen, fir d’Clienten ze fideliséieren. D’Geméishändlerin Encarna Jurado laacht: “Dee Passage, dee mir um Hamilius haten, wann deen en Apel kaaft huet oder eng Clementine, an dann hu se och nach mat der Kaart bezuelt, dat huet mir net ganz vill bruecht.” Hir Clientë wiere matgeplënnert.

Ginn d’Geschäfter um Stater Maart méi lues? / Anne Wolff

Graff gesot ginn et also zwou Meenungen: Déi eng constatéieren en Impakt, déi aner fannen, dat wier et sech einfach gemaach. Si gesinn och eng Responsabilitéit beim Händler. De Geméishändler Claude Kirsch gëtt donieft ze bedenken, dass d’Attraktivitéit vun de Mäert an den Aen vun de Clientë generell ofgeholl hätt an een haut léiwer an de Supermarché géif goen. Dofir misst ee senger Meenung no driwwer nodenken, och Gedrénks- an Iessstänn opzeriichten an domat de Leit en zousätzlechen Ureiz ze bidden. Ausserdeem wier d’Roll vum Händler och anescht wéi fréier an de Client wier méi exigent: “Haut mat 5 Artikele kommen, dat geet net méi. Mir hunn 20 Zorten Zalot, an de Client hätt gär déi 21.”

Spannunge mat der Gemeng?

Nieft dem Volet vum Verkaf erzielen eis Verschiddener vu Spannunge mat der Gemeng. Ma oppe virun de Mikro wëll keen, aus Suerg keng Autorisatioun méi ze kréien.
Beispillsweis géif d’Maartplaz ze spéit opgemaach, fir opzeriichten, esou dass all d’Maartleit déi selwecht Zäit an am Stress opbaue missten, a sech géigesäiteg hënnere géifen. Dat géif schonn op d’Stëmmung drécken.

Vum Service Marchés vun der Gemeng war e Mëttwoch keen disponibel fir en Interview.

Back to Top
CIM LOGO