Avis vun der HandwierkerkummerGoufen d'Budgetsprevisioune mat der néideger Virsiicht opgestallt?

RTL Lëtzebuerg
Dat schreift d'Chambre des Métiers an hirem Avis zum Budgetsprojet an engem Kontext vu ville Krisen.

D’Handwierkerkummer begréisst et zwar, datt a schwieregen Zäite Scholde gemaach ginn. Allerdéngs misst um Enn vun dëse Krisen eng Politik gemaach ginn, fir déi ëffentlech Finanzen ze consolidéieren. D’Chambre des Métiers fënnt et gutt, datt en Tabu gebrach gouf an datt iwwer de laangfristege Finanzement vun der Sécurité Sociale geschwat soll ginn.

Och d’Iddi fir de Fonctionnement vum Staat ze optimiséieren, fënnt Uklang.

D’Handwierkerkummer begréisst dann awer besonnesch d’Moossnamen, fir de Bau ze redynamiséieren.

Woubäi een hirer Meenung do plazeweis nach hätt kënne méi wäit goen.

Back to Top
CIM LOGO