
Deem neie Gesetzestext no huet de Grand-Duc eng perséinlech Dotatioun vu ronn enger hallwer Millioun d’Joer ze gutt (523.000 Euro) - dëst ass eng forfaitär Indemnitéit, déi och indexéiert ass. De Grand-Duc kann doriwwer fräi verfügen - eng reegelrecht Pai also - steierfräi, genee wéi d’Revenuen aus dem Benotzungsrecht vum Palais, dem Schlass zu Bierg an de Bëscher a Parken do ronderëm. Den Ierfgroussherzog huet d’Joer eng 220.000 Euro ze gutt. Duerch dee neie Gesetzestext, deen d’Dotatioun fir de Staatschef, de fréiere Grand-Duc an den Ierfgroussherzog festleet, entfalen och d’Notioune vun der “ziviller Lëscht” an de “Representatiouns-Fraisen”, déi komplementar waren, an zanter der Verfassungsreform vun 1948 existéiert hunn. Dat Joer war d’zivil Lëscht vum Staatschef op 300.000 Gold-Frange fixéiert ginn.
Bei d’nei fixéiert Dotatioune fir de Staatschef kommen nach aner Fraise fir de Staat dobäi, déi direkt mam Fonctionnement vun der “Maison du Grand-Duc” ze dinn hunn. Dës Zomme gëtt all Joer nei via de Staatsbudget fixéiert.
Rapporter vum Gesetzesprojet, dee nach dëse Mount muss um Krautmaart gestëmmt ginn, ass den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo.