Hygiènesartikele fir näischtGratis Binden, Tamponen a Kondomer a Stater Toiletten

RTL Lëtzebuerg
Inspiréiert huet sech d'Stad Lëtzebuerg hei bei der Gemeng Walfer, déi scho virun engem Joer de selwechte Projet lancéiert hat.
Gratis Tamponen, Binden a Kondomer an ëffentlechen Toiletten
A 5 Stater Toiletten fënnt ee bis ewell gratis Hygiènesproduiten. No enger Testphase sollen awer Spendere bäikommen.

An enger éischter Testphas goufen d’Spendere fir Hygiènesartikelen a 5 ëffentlechen Toilettë vun der Stad Lëtzebuerg opgehaangen. Dat an den Toilettë bei der Gëlle Fra, op der Theaterplaz, beim Cercle, um Glacis an am Park bei der Spillplaz “Pirateschëff”. Méi spéit kommen dann zwee weider Spenderen op de Knuedler a bei de Bock, soubal dës Toilettë rëm fir de Public op sinn.

Reportage vum Sabrina Backes

Op där enger Säit geet et drëms, jidderengem dës Produiten op den ëffentlechen Toilettë fir näischt zur Verfügung ze stellen. Domadder wëll ee Fraen a Meedercher wärend hirer Menstruatioun ënnerstëtzen. Den Accès zu Tamponen a Binde wier nämlech e fundamentale Besoin, sou de Maurice Bauer, Schäffe fir Soziales a Responsabel fir d’Chancëgläichheet tëscht Mann a Fra an der Stad Lëtzebuerg.

Anersäits wëll ee mat gratis Hygiènesproduiten an den Toilettë weider enttabuiséieren. Zwar géif ëmmer méi oppen iwwert dëse Sujet diskutéiert ginn, den Tabu wier awer nach net komplett vum Dësch. Et wier e wichtege Schratt fir d’Gläichheet tëscht de Geschlechter weider virun ze bréngen an awer och den Alldag vu concernéierte Persounen ze erliichteren, sou nach de Maurice Bauer. Et misst een ufänken op nationalem Niveau driwwer ze diskutéieren, wéi et méiglech kéint ginn, esou Hygiènesproduite fir all Fra a Meedche komplett gratis zu Verfügung ze stellen.

© Céline Spithoven/RTL

Vum Spender gouf och direkt profitéiert, fir e weidere Produit gratis unzebidden. Nieft Tamponen a Binde stinn nämlech och Kondomer fir näischt zur Dispositioun. Dofir fënnt een dës Spenderen net nëmmen an de Fraentoiletten, mee och am Männer-WC.

Nieft de gratis Hygiènesartikelen an den ëffentlechen Toiletten, sollen d’Spenderen och an enger Primärschoul an an engem Foyer Scolaire getest ginn. No 6 Méint well een de Pilotprojet auswäerten an da soll driwwer diskutéiert ginn, ob Binden, Tamponen a Kondomer och a Sportshalen a Kulturzentre gratis en place gesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO