
Zanter Mëtt Januar ass um Pont Büchler e gréissere Chantier am gaangen. An den nächste Méint soll eng multimodal Bréck entstoen - den Tram, den Auto an de Vëlo sollen an Zukunft Plaz kréien. Um Chantier hat e Freideg den Owend an enger Garage ënnert der Bréck Material aus Kautschuk Feier gefaangen. D’Pompjeeën haten d’Flame séier ënner Kontroll a konnten d’Feier läschen.
D’Bréck, fir vun der Stater Gare a Richtung Bouneweg ze fueren, war fir de Verkéier gespaart ginn. Och den Zuchtrafic war gestéiert. E Freideg den Owend géint 22.30 Auer gouf d’Spär opgehuewen. Dat nodeems Experten op der Plaz waren an d’Piliere vun der Bréck op méiglech Schied ënnersicht haten.
Kuerz no 22 Auer hat zu Esch an der Avenue du Rock’n Roll nach eng Poubelle gebrannt. D’Pompjeeë vu Suessem/Déifferdeng hate sech dorëm gekëmmert.