
An der Woch wou déi 3. Phas vum "Méi-Souple-Man" vun de Mesurë géint de Covid-19-Virus decidéiert gouf, stoung de Ministerrot e Freideg nees bal komplett am Zeeche vun der Pandemie.
Eng ganz Rëtsch juristesch Texter goufen nees am "État de crise" decidéiert, dorënner fält e Gesetzesprojet, dee festhält, datt den Zoustand vun der Kris effektiv och de 24. Juni ofleeft an ophält. Vun deem Ament u mussen d'Gesetzer dann och nees hiren normale konstitutionelle Wee duerchlafen.
En anere Gesetzesprojet, deen e Freideg gestëmmt gouf, schaaft en neie Relance-Fong mam Numm "Neistart Lëtzebuerg", deen net manner wéi 23 Hëllefen, besonnesch fir déi kleng a mëttelstänneg Betriber, virgesäit. Dëst fir eng Enveloppe vu maximal 800 Milliounen Euro.
E weidere Fong, deen d'Ministeren e Freideg via Gesetz geschaf hunn, ass dee fir den Tourissem z'ënnerstëtzen. An déi Kategorie fält och d'Decisioun, fir datt all Resident respektiv all Frontalier iwwer 16 Joer vun engem 50-Euro-Iwwernuechtungs-Bong ka profitéieren, deen an engem Lëtzebuerger Hotel kann ageléist ginn.
Final ofgeseent hunn d'Ministeren dann och e Freideg eng Partie Gesetzes-Texter iwwert de Beräich vum Sport grad wéi och den Tourismus an d'Verreese, wou Restriktioune méi labber gehandhaabt ginn.