Appartement um KierchbiergGrill explodéiert op Balcon - Kee Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend géint 19.30 Auer koum et um Kierchbierg um Balcon vun engem Appartement zu enger Explosioun.
© Lucien Linster

Firwat de Grill explodéiert ass, ass bis heihinner nach net gewosst. Beim Virfall soll kee blesséiert gi sinn. Weider Informatioune feelen den Ament nach. D'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz.

Schonns am spéiden Nomëtteg gouf et e Méindeg zu Dikrech e Feier op engem Balcon, wat direkt 3 Pompjees-Corpsen op de Plang geruff hat, déi vun Dikrech, Ettelbréck a Bettenduerf.

Da mellt de CGDIS nach e blesséierte Cyclist, deen e Méindeg den Owend zu Ierpeldeng un der Sauer gefall ass. D’Secouriste vun Angelduerf an Ettelbréck waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO