Hinne war et gelongen, bei enger Konkurrenz vun 89 weidere Mini-Entreprisë beim Alumnipräis fir de beschte Verkafsstand an der Belle Etoile mat hirem Produit ze iwwerzeegen.
Op den éischte Bléck gesäit hire Produit aus ewéi e Block aus Aluminium. Ma op den zweete Bléck gëtt däitlech, dass et sech ëm e klenge Grill handelt.
Hannert dem Produit stieche 6 Schüler vun enger 2ème aus dem Lycée des Arts et Métiers. Well all Grill, dee si am Handel fonnt hunn, ze grouss war oder net säin Zweck erfëllt huet, hu si decidéiert selwer ee Grill ze entwéckelen. No e puer Méint war de Produit prett fir an d’Produktioun.
Dobäi war hinne wichteg, dass de Produit “made in Luxembourg” ass. Zu Berbuerg an der Schlässerei ginn d’Griller mat engem Laser aus Aluminium erausgeschnidden.
Grillsquare -esou nennen déi 6 hir Mini-Entreprise- wëlle mat hirem Produit och e Message setzen: Déi Jonk sollen nees méi Zäit dobaussen an der Natur verbréngen a manner virum Bildschierm hocken.