Neit AccessibilitéitsgesetzGros vun de Leit ka vu méi Accessibilitéit profitéieren

Monica Camposeo
Tim Morizet
D'Zil vum Gesetz ass, dass jidderee sech autonom am ëffentleche Raum beweege kann. Dat sot de Familljeminister Max Hahn e Mëttwoch bei der Presentatioun.
Neit Accessibilitéitsgesetz- Gros vu Leit ka vu méi Accessibilitéit profitéieren
D’Zil vum Gesetz ass, dass jidderee sech autonom am ëffentleche Raum beweege kann. Dat sot de Familljeminister Max Hahn e Mëttwoch bei der Presentatioun.

Neit Accessibilitéitsgesetz / Reportage Monica Camposeo

Gestëmmt gouf den Text schonn am Dezember 2021, ma de leschte Mount ass d’Gesetz offiziell a Kraaft getrueden. All nei Gebaier, déi fir de Public op sinn, esou wéi och Residenzen, déi geplangt ginn, mussen dem Gesetz ugepasst ginn. Al Residenze sinn net betraff, wärend awer ëffentlech Gebaier, déi schonn existéieren, mussen ugepasst ginn.

Dobäi soll net nëmmen u Rampe fir de Rollstull geduecht ginn, mee och u speziell Knäppercher, Leitlinnen um Buedem a Gelänner fir blann Leit oder nach Luuchten an e Bildschierm, wann daf Leit un ëffentleche Gebaier schellen.

Och Persounen, déi en Handicap hunn, deen net direkt siichtbar ass, dierfen net vergiess ginn. Et wier gutt, dass dat neit Gesetz e Recht op Accessibilitéit kloer festleet, esou d’Susanne Van Tonder. Si huet eng Multiple Sklerose an hirer Erfarung no kann och schonn eng speziell Parkplaz op der Schaff hëllefen, dass een den Alldag méi einfach bewältege kann.

De Familljeminister Max Hahn huet betount, dass d’Ännerungen net nëmme Leit mat enger Behënnerung zegutt kommen, mee amfong jidderengem. Och wie mat enger Kutsch oder Krätschen ënnerwee ass, profitéiert vu méi Accessibilitéit, esou wéi natierlech eeler Leit, déi net méi esou gutt ze Fouss sinn.

Accessibilitéit fir de gesamten ëffentleche Raum

D’Ufuerderunge vum Gesetz gesinn net méi just déi staatlech oder kommunal Gebaier fir, mee all d’Plazen, déi Public empfänken. Dokterskabineten, Restauranten oder zum Beispill nach Butteker gehéieren deemno och dozou. Fir d’Ännerungen un de Gebaier ze maachen, kënnen och staatlech Aiden ugefrot ginn. Ma déi staatlech Ënnerstëtzunge sinn awer zäitlech begrenzt. Bis den 1. Juli 2028 muss d’Demande gestallt ginn, bis 2031 mussen d’Aarbechten ofgeschloss ginn. Dat aus deem einfache Grond fir en Ureiz ze schafen an dass d’Upassungen och méi séier geschéien. D’Subventioun geet bis 24.000 Euro ouni TVA pro Objet.

Ausname gëllen natierlech fir Gebaier, déi ënner Denkmalschutz stinn oder nach weidere Plazen, déi net kënnen ugepasst ginn. Fir dës Ausname kann dann eng Derogatioun ugefrot ginn.

Fir dass och wierklech all ëffentlech Gebaier, déi kënnen accessibel gemaach ginn, bis den 1. Januar 2031 och ugepasst sinn, gesäit d’Gesetz och Strofe fir. Dat kann och bis zu enger Prisongsstrof goen. Dem Minister no wier dat néideg, fir d’Ëmsetzung vum Gesetz och wierklech ze garantéieren.

Accessibilitéitsgesetz wier e gudden Ufank

Dat neit Gesetz géing an déi richteg Richtung goen, esou Info Handicap, esou wéi och eng Rei betraffe Leit, déi bei der Pressekonferenz dobäi waren. Ma allgemeng wier awer och en Ëmdenken néideg, fir dass jiddereen am ëffentleche Raum matgeduecht gëtt. D’Gesetz gesäit nämlech nëmme baulech Adaptatioune vir, zäitlech begrenzt Eventer oder zum Beispill den digitale Volet oder nach den Informatiounszougang sinn net ofgedeckt.

Als daf Persoun, misst ee sech dowéinst ëmmer froen, ob en Event accessibel ass oder net. Dolmetscher ufroe wier och net ëmmer einfach, esou d’Jackie Winandy. Si ass vu Gebuert un daf a bedauert, dass et dacks un Ënnertitel op Däitsch feelt. Dat wier awer déi Sprooch, op där sech daf Leit hei am Land besser kéinte verstännegen. Och den Informatiounszougang ass net ëmmer garantéiert, well net ëmmer eng Iwwersetzung a Gebäerdesprooch ugebuede gëtt.

Info Handicap réit Entreprisen a Privatleit, déi Upassungen un hiren ëffentleche Raim wëlle maachen, sech am Viraus méi vast z’informéieren. Da kéint een nämlech och direkt einfach Ännerunge virhuelen, déi fir méi Accessibilitéit suergen. Weider Informatioune fannt Dir op www.accessibilite.lu oder nach www.adapth.lu.

Back to Top
CIM LOGO