
Wéi d’Police schreift, ware si géint 15.20 Auer op Ettelbréck op de Boulevard John F. Kennedy geruff ginn, nodeems hei e Mann mat Gewalt iwwerfall gouf. E Grupp Jugendlecher hätt dem Mann säi Portmonni a säin Handy geklaut, éier si a Richtung Gare fortgelaf sinn.
Wien eppes gesinn huet an Hiweiser zu der Dot liwwere kann, ass gebieden, sech bei der Police vun Dikrech/Veianen ënner der Nummer (+352) 244 80 1000 oder per Mail op police.DIEKIRCHVIANDEN@police.etat.lu ze mellen.