
D’Cheffin vun der europäescher Zentralbank huet ugekënnegt, datt de Leetzëns am Summer an d’Luucht wäert goen. D’Christine Lagarde huet drun erënnert, dass d’EZB den Optrag huet, fir Präisstabilitéit ze suergen.
Fir dat ze garantéiere wäert et nieft méi engem héije Leetzëns och d’Enn vum milliardeschwéieren Opkaf vun Obligatioune sinn. Et geet also Richtung méi héich Zënsen op de Banken.
Do freet sech munch een, op wat hie soll bei engem Prêt setzen - op ee fixen Taux oder ee variabelen? De President vum Bankepatronat Guy Hoffmann recommandéiert ee gesonde Mix tëscht béiden Tauxen. De System vum Taux variable, dee mir zu Lëtzebuerg kannt hunn, wier e ganz gudde System. Déi Tauxe géife ganz lues evaluéiere par Rapport zu der Evaluatioun vun de Gesamttauxen.
“Ech géing haut de Leit nach ëmmer roden, éischte e Mélange an engem Kredit ze maachen. Dat hänkt vu jiddwerengem of, ob dat elo 1/3 oder 2/3 oder Hallef-Hallef, mä net alles an enger Variant maachen, mécht schonn iergendwou Sënn.”
Bilan ABBL: “Lëtzebuerger Finanzplaz gewënnt net un Attraktivitéit”
Am Kampf géint déi héich Inflatioun huet déi schwedesch Zentralbank fir eng éischte Kéier zanter 2014 de Leetzëns op iwwer 0 Prozent gesat. E läit elo bei 0,25 Prozent, heescht et n Donneschdeg vun der Noutebank. Et sollen nach weider Schrëtt nokommen, fir bannent 3 Joe e Wäert vun 2 Prozent z’erreechen.
Analyste hunn iwwerrascht reagéiert, d’Riksbank hat nach am Februar en Unhiewe vun den Zënsen net virun der zweeter Joreshallschent 2024 uviséiert. D’Zentralbank huet awer elo op déi aktuell eminent Erausfuerderunge fir déi global Wirtschaft net just duerch d’Pandemie verwisen, mä och duerch den Ukrain-Krich.
Immobiliëgrupp “atHome": Immobiliëpräisser stagnéieren, Zënse klamme vun 1,8% op 2,8%
Invité vun der Redaktioun - Taina Bofferding: An der Logementskris geet de gudde Wëllen net duer