
Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, hu si bei der Fra Blessure festgestallt. Si koum zur Behandlung an d’Spidol. De Mann war sengersäits de ganzen Zäit onkooperativ an aggressiv. Op Uerder vum Parquet ass de presuméierten Täter festgeholl ginn. Hie soll e Méindeg virun den Untersuchungsriichter kommen.
Zu Esch gouf et dann e Sonndeg den Owend eng Kläpperei, bei där eng Persoun blesséiert gouf. Éischten Ermëttlungen no koum et zu engem Sträit, duerch deen zwee Männer op d’Affer ageschloen hunn. Ee vun den Verdächtege konnt nach op der Plaz gestallt a festgeholl ginn. Nom zweete Mann hunn d’Beamten ouni Erfolleg gesicht. Eng Enquête leeft.