Police ermëtteltHandy geklaut an der Stad, zu Munneref waren et Suen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg krut d'Police gemellt, dass e Mann am Stater Garer Quartier vun zwee Onbekannten ugeschwat gouf an doropshin den Handy geklaut krut.
© RTL Archivbild

Am Kader vun enger Sichaktioun konnten déi zwee Verdächteg gestallt ginn, op déi d’Täterbeschreiwung gepasst huet. Och de geklauten Telefon gouf bei hinne fonnt, wat awer net verhënnert huet, dass ee vun de Brigange sech donieft beholl huet. Well de Mann net nëmmen onkooperativ war an och nach handgräiflech ginn ass, gouf hie vun de Poliziste mobiliséiert. Zwee Beamte goufen dobäi verwonnt.

Da koum et nach zu engem weidere Virfall e Sonndeg de Mëtteg, dat zu Munneref. Éischten Informatiounen no gouf e Mann op der Héicht vun der Avenue Frantz Clement vun zwee Onbekannten ugeschwat an opgefuerdert, Suen op engem Bancomat opzehiewen. D’Täter hunn dem Affer dës geklaut a sech ewechgemaach. D’Police huet d’Ermëttlunge lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO